Duel ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg aus dem Joer 1971 no enger Geschicht vum Richard Matheson.

Duel
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1971
Première 1971
Dauer 90 min
Faarf Faarweg
Format 1,33:1 - 16 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Steven Spielberg
Dréibuch Richard Matheson
Fotografie Jack A. Marta
Musek Billy Goldenberg
Schnëtt Frank Morriss
Dekoren Robert S. Smith
Produzent George Eckstein
Universal Television
Produktiouns-
gesellschaft
Universal Studios
Schauspiller
Dennis Weaver als David Mann
Jacqueline Scott als Mrs. Mann
Lou Frizzell als Buschauffer
Eddie Firestone als Wiert
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den David Mann ass mat sengem Auto op engem Highway a Kalifornien ënnerwee. Virun him daucht e schwéieren Tankwon op dee stënterlech bremst an ëmmer méi lues fiert. Wéi hien de Camion well iwwerhuelen, verspäert deen him de Wee a léisst en net laanscht. No e puer Versich geléngt et him endlech laanscht de Camion ze kommen, awer du fänkt de Camion un, Juegd op hien ze maachen...

Soss änneren

Duell gouf als TV-Film fir den US-amerikanesche Sender ABC op 16 mm gedréint. Wéinst dem groussen Erfolleg gouf déi éischt Versioun vu 74 Minutte mat nogedréinten Zeenen op 90 Minutte verlängert a koum dunn och an d'Kinoen.

Um Spaweck änneren

 
De Camion e Peterbilt 281 an den Auto e roude Plymouth Valiant aus dem Film