Dräi Kinnekräicher vu Korea

D'Dräi Kinnekräicher vu Korea waren d'Kinnekräicher Goguryeo, Baekje a Silla, déi d'koreanesch Hallefinsel an d'Mandschurei vum 1. Joerhonnert v. Chr. bis zum 7. Joerhonnert occupéiert hunn. Aner méi kleng Kinnekräicher a Stämm hu wärend an no dëser Period bestanen, zu deenen ënner anerem Gayac, Dongye, Okjeo, Buyeo, Usan, an Tamna zielen.

Kaart vun den dräi Kinnekräicher vu Korea

D'Period fänkt traditionell 57 v. Chr. un, wéi d'Kinnekräich vu Saro am Süd-Oste vun der Hallewinsel eng gewëssen Onofhängegkeet vis-à-vis vun der Han Dynastie gewënnt. Déi zwee aner, Koguryŏ (nërdlech a südlech vum Floss Yalou) a Paekche am Süd-Oste vun der Hallefinsel (ronderëm d'haitegt Seoul) gi 37 respektiv 18 v. Chr. vu China onofhängeg. Dëst Kinnekräich trennt sech vu Koguryŏ a gëtt zu engem Asyl fir Baueren, déi virun engem kriegeresche Staat fortlafen. D'Haaptstad war um Ufank Ungjin (haut Gongju oder Chongju), duerno Sabi (haut Puyo) südëstlech vu Seoul. D'Gaya-Staaten (가야) trenne sech vu Paekche am 1. Joerhonnert eiser Zäit.

D'Verschwanne vum Räich vun der Han Dynastie ufanks vum 3. Joerhonnert, huet et deenen dräi Kinnekräicher erméiglecht, sech weiderzeentwëcklen. D'héich koreanesch Gesellschaft entdeckt de Konfuzianismus zanter dem 1. Joerhonnert. Dësen huet awer am Buddhismus säi Géigner fonnt.

Koguryŏ, dat gréisst vun den dräi Kinnekräicher, hat zwou Haaptstied, Nangnang (haut Pyongyang) a Kungnæ um Floss Yalou. Ufanks war et nëmmen eng Federatioun op der Grenz mat China, mä no an no eruewert Koguryŏ ëmmer méi Territoiren an der Mandschurei a verdreift am Joer 313 déi lescht Chineesen vun Nangnang. De kulturellen Afloss war awer net méi réckgängeg ze maachen, an de Buddhismus gëtt offiziell Relioun am Joer 372.

Am 4. Joerhonnert war Paekche wirtschaftlech zimmlech gutt drun, an huet quasi eng Hallschent vum südlechen Deel vun der Hallefinsel dominéiert.

D'Kinnekräich Saro, wat 503 a Silla emgedeeft gouf, eruewert d'Staate Kaya oder Gaya (befestegt Stied) a senger Noperschaft Ufanks vum 6. Joerhonnert. D'Haaptstad war Gumsong (haut Gyeongju oder Kyongju). De Buddhismus gëtt offiziell Relioun am Joer 528.

Mat der chineesescher Tang Dynastie liéiert, annexéiert Silla Koguryŏ am Joer 668, nodeem Paekche schonn 660 eruewert gouf, wat zur Silla Period féiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Dräi Kinnekräicher vu Korea – Biller, Videoen oder Audiodateien