Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An der Tréierer Doumstad, déi ronderëm a speziell hanner dem Doum läit, gëtt et enk verwénkelt Gässele mat Haiser aus aacht Joerhonnerten.

Südentrée vun der Doumstad an der Léiffraestrooss

D'Stroossebild vun der Doumstad, ass nach haut markéiert duerch d'Mauer déi am 11. Joerhonnert vun de Tréierer Bëscheef gebaut gouf. Si huet eng Fläch vun ongeféier 10 Hektar ëmschloss a gouf zum Deel aus Stengreschter aus réimescher Zäit gebaut. Haut fënnt een nieft den héijen ale Gaardemaueren, verschnërkelt Paarten, Wopen, laténgesch Aschrëften a Bauten aus der Doumgeschicht.