Eng Donkel Galaxie ass eng Galaxie, där hir Mass zu engem Groussdeel aus net selwerliichtender Matière besteet a sou nëmme ganz wéineg bis guer keng Stären huet. Dofir och den Nummzousaz "Donkel".

D'Galaxie kéint Gas, kosmesche Stëbs an donkel Matière enthalen. Bei villen Objete gëtt ugeholl, si wieren eng donkel Galaxie, bei en ettleche gouf dat awer spéider widerluecht.

Kandidaten änneren

HE0450-2958 änneren

 
Foto vum HE0450-2958 duerch den Hubble-Weltraumteleskop mat Hëllef vun MCS Dekonvolutioun Bildveraarbechtung

HE0450-2958 ass en ongewéinleche Quasar, bei deem keng Galaxie roderëm konnt festgestallt ginn. Et gëtt ugeholl, datt et sech dobäi ëm eng Donkel Galaxie handele kéint, an där e Quasar aktiv gouf.

HVC 127-41-330 änneren

HVC 127-41-330 ass eng Héichgeschwënnegkeetswollek ëm den M31 an den M33.

VIRGOHI21 änneren

De VIRGOHI21 gouf am Februar 2005 entdeckt. E gouf fonnt, wéi no Radiowelle gesicht gouf, déi duerch Waasserstoff verursaacht gi waren.

Kierzlech gouf gewisen, datt Donkel Galaxië Stären enthalen. Dofir gëtt d'Galaxie nëmmen duerch sougenannt Donkel Matière zesummegehalen. Bis haut gouf keng Donkel Galaxie mat engem Schwaarze Lach am Zentrum entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie