Dondeler Baach

(Virugeleet vu(n) Dondelerbaach)

D'Dondelerbaach ass eng Baach zu Lëtzebuerg an der Gemeng Kielen.

Si entsteet aus dem Zesummelafe vun zwou Baachen um Lieu-dit Heedchen op enger Héicht vun 275 Meter. Si leeft vun do aus no Nordweste laanscht Kleng-Amerika bis op Dondel, wou se vu lénks d'Uesbech bäikritt.

Vun do leeft se nërdlech weider fir dann no ronn 1 000 Meter op der Dondelergewan tëscht Buer an Aansebuerg op enger Héicht vun 244 Meter vu riets an d'Äisch ze lafen. Am Ganzen ass se zirka 2 km laang.

Kuckt och änneren