Den Dominique Heckmes, gebuer den 1. September 1878 zu Hoen, a gestuerwen de 4. Februar 1938 um Lampertsbierg, war e lëtzebuergesche Komponist a Musekkritiker.

Dominique Heckmes
Gebuer 1. September 1878
Hoen
Gestuerwen 4. Februar 1938
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Priister
U sengem Graf um Nikloskierfecht.

Hien ass zu Hoen opgewuess, huet Piano an Uergel studéiert an ass zu Lëtzebuerg op de Seminaire gaangen. Nodeem hien zum Geeschtleche geweit gi war, huet de Mgr. Koppes hien op Oochen geschéckt fir Musek ze studéieren. 1908 ass hie Chouerregent vun der Maîtrise vun der Kathedral zu Lëtzebuerg ginn.

Hien huet haaptsächlech geeschtlech Wierker komponéiert, verschidde Massen a cappella oder mat Uergel an Orchester, Kantaten a verschidde Stécker fir Chouer. Nach haut gi Wierker opgeféiert, wéi d'Missa Consolatrix Afflictorum op. 2, O Maria, Domine Salvum fac, Veritas mea, In te Dominum speravi, an d'Litaniae Lauretanae. Wéinst sengem polyphonen, spéitklasseschen a romantesche Kompositiounsstil gëtt den Dominique Heckmes och "Bruckner vu Lëtzebuerg" genannt.

De 4. Februar 1938 ass den Dominique Heckmes um Lampertsbierg gestuerwen.