Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Domesday Book, aus dem Angelsächseschen domesdaeg = Jéngsterdag, ass de Relevé vun enger Enquête déi de William the Conqueror am Joer 1085 maache gelooss hat fir de Steiersystem vun England verbesseren ze kënnen. An dësem Relevé goufen d'Proprietéite festgehalen, a Bëscher an an Akerland opgedeelt. All Landbesëtzer huet och missen uginn wéi vill Let hie beschäftegt huet a wéi vill Véi en hat. D'Gebaier a souguer d'Fëschweiere sinn dran opgezielt.

D'Säit E 31/2/2, f. 243r aus dem Domesday book

D'Buch ass am Public Record Office zu London ze gesinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Domesday Book – Biller, Videoen oder Audiodateien