Dolores O'Riordan

iresch Sängerin

D'Dolores Mary Eileen O'Riordan [dəˈlɔɹəs oʊˈɹɪəɹdən], gebuer de 6. September 1971 zu Ballybricken[1] bei Limerick (Irland) a gestuerwen de 15. Januar 2018 an engem Hotel[1] zu London[2], war eng iresch Sängerin an Instrumentalistin. Si gouf als Leadsängerin an der Rockgrupp The Cranberries bekannt.

Dolores O'Riordan
Gebuertsnumm Dolores Mary Eileen O'Riordan
Gebuer 6. September 1971
Gestuerwen 15. Januar 2018
Mayfair
Doudesursaach Fall
Nationalitéit Irland
Aktivitéit Museker, Liddermécher, Gittarist, Sänger
Member vun The Cranberries

Liewen änneren

D'Dolores gouf als jéngst vu siwe Kand vum Terence an Eileen O'Riordan gebuer an ass zu Ballybricken an der Grofschaft Limerick opgewues wou et an d'Laurel Hill Coláiste FCJ-Schoul gaangen ass.

D'Dolores O'Riordan war vun 1990 bis 2003 a vun 2009 un erëm d'Frontsängerin a Haaptinstrumentalistin vun de Cranberries. Si huet e puermol mat anere Kënschtler zesummegeschafft, sou z. B. mam Zucchero, Luciano Pavarotti an Jam & Spoon, ier se 2003 hir Solocarrière ugefaangen huet. An de Joren 2001, 2002 an 2005 ass si um Chrëschtconcert am Vatikan an 2006 um Chrëschtconcert zu Monte Carlo opgetrueden. Hiren éischte Soloalbum Are You Listening? koum 2007 eraus a gouf weltwäit méi wéi 300.000-mol verkaf.

D'O'Riordan gouf 1994 mam Don Burton, dem fréiere Tourmanager vun Duran Duran bestuet a si kruten dräi Kanner: Taylor Baxter, Molly Leig an Dakota Rain[1]. D'Koppel huet sech am September 2014 getrennt.

D'O'Riordan huet 2004 d'Titelmelodie „Ave Maria“ am Film The Passion of the Christ gesongen.

Am Joer 2008 war d'Dolores O'Riordan eng vun den zéng Laureate vum European Border Breakers Awards (EBBA), déi am Kader vun Marché international de l'édition musicale zu Cannes fir hir Succèsen am Ausland ausgezeechent goufen.

Den 10. November 2014 gouf si um Fluchhafen vu Shannon kuerz festgeholl, nodeem s'op engem Transatlantik-Fluch eng Stewardess blesséiert an duerno op e Polizist gespaut an e blesséiert hat. Am Dezember 2015 huet si sech um Geriicht zu Ennis schëlleg bekannt; hiren Affekot huet erkläert, datt si den Ament vum Virfall an engem ganz schlechte psycheschen Zoustand war.

Fir d'lescht war d'O'Riordan an enger Kooperatioun mat Andy Rourke a Olé Koretsky ënner dem Numm „D.A.R.K.“ bedeelegt, engem Nofolleg-Projet vun der New Yorker Band „Jetlag“.

Discographie als Solokënschtlerin änneren

Alben änneren

  • 2007: Are You Listening?
  • 2009: No Baggage

Singles änneren

  • 2007: Ordinary Day
  • 2007: When We Were Young, just als Promosingle, well déi zoustänneg Plackefirma Sanctuary Records kuerz virun der Publikatioun Faillite gaangen ass.
  • 2009: The Journey
  • 2013: Senza Fiato feat. Negramaro

Um Spaweck änneren

Commons: Dolores O'Riordan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Dolores O’Riordan, Cranberries lead singer, dies at age of 46 an der Irish Times, gekuckt de 15. Januar 20187
  2. Cranberries-Sängerin - Dolores O'Riordan dout am Alter vu 46 Joer op rtl.lu, gekuckt de 15. Januar 2018