Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der russescher Stad. Fir de russesche Floss, kuckt wgl. Dno (Floss).


Dno (op Russesch: Дно) ass mat senge ronn 8.000 Awunner (Stand 2016) eng Klengstad am Rajon Dno am Oblast Pskow a Russland. Si läit eng 110 km ëstlech vu Pskow an ass en Eisebunnsschnëttpunkt vun de Linne Moskau-Pskow (Ost-West) a Sankt Péitersbuerg-Witebsk (Nord-Süd).

Dno
Land Russland
Federatiounskrees Nordwestrusslandrussland
Status Oblast
Regioun Pskow
Gegrënnt 1897
Awunner 7.525 (1. Januar 2019)
Fläch 9
Koordinaten 57°50'N, 29°58'O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 81135
Postcode 182670

Geschicht änneren

An deem Gebitt gouf et zanter dem Ufank vum 15. Joerhonnert schonn e puer Dierfer mam Numm Dno oder Donze, vun deene vun der Mëtt vum 16. Joerhonnert un, just nach eent ernimmt gouf (Grouss-Dno - Дно Большое), entweeder well se sech zesummegeluecht hunn oder eventuell deelweis vun der Pescht ausgeläscht goufen. Zanter dem 18. Joerhonnert fënnt ee vereenzelt an Dokumenter och den Numm Donschtschina. Dat russescht Wuert "Dno" steet fir "Grond", z. B. vun engem Waasser, den Hannergrond vum Duerfnumm ass trotzdeem net kloer dorop zeréckzeféieren.

Ëm 1897 ass am Zesummenhank mam Bau vun der Eisebunn eng Statiounssiidlung entstanen, mam offiziellen Numm Dno, déi 1925 d'Stadrecht krut.

Wirtschaft änneren

Och haut ass d'Eisebunn mat hiren Atelieren ëmmer nach den Haaptwirtschaftsfacteur vun der Stad. Donieft gëtt et nach e puer kleng aner Betriber, z. B. am Beräich Stolkonstruktioun.

Am Ganze kann een awer feststellen, datt zanter Mëtt vun den 1990er Joren d'Bevëlkerung vu mol ronn 12.400 Séile bestänneg ofgeholl huet, dee leschte richtege Restaurant huet spéitstens 2016 seng Dieren zougemaach, an den ëffentleche Passagéierverkéier huet Dno eigentlech ni gebraucht fir den Zuch ze wiesselen, well et direkt Linne gëtt. D'Eisebunnsstreck Péitersbuerg-Warschau leeft zwar lo net méi iwwer Pskow mä iwwer Prag-Warschau-Minsk-Witebsk an domat iwwer Dno, mä et gëtt elo e Bus Pskow-Sankt Péitersbuerg, a vum méi grousse rengen Duerchganksverkéier bleift ekonomesch net sou vill an der Stad hänken (vun den Eisebunnsateliere mol ofgesinn).

Um Spaweck änneren

Commons: Dno – Biller, Videoen oder Audiodateien