Diwnogorsk
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Diwnogorsk (op Russesch: Дивногорск) ass eng Stad an der Regioun Krasnojarsk am Federatiounskrees Sibirien a Russland. Se läit eng 20 km westlech vu Krasnojarsk.
Diwnogorsk | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Sibirien |
Status | Regioun |
Regioun | Krasnojarsk |
Gegrënnt | 1956 |
Awunner | 29.246 (1. Januar 2018) |
Fläch | 57 |
Koordinaten | 55°57'0"N, 92°23'0"O |
Telefonszon | 39144 |
Postcode | 663090–663094 |
Websäit | http://www.divnogorsk-adm.ru/ |
Et ass de Verwaltungszentrum vum Stadkrees Diwnogorsk. Si huet eng 29.000 Awunner (Stand 2016), déi op enger Fläch vun zirka 57 km² liewen.
Geschicht änneren
Op der Plaz vun der haiteger Stad huet 1671 d'Dierfchen Owsjanka ugefaang. 1888 goung um selwechte Site eng Patergemeinschaft op, eng Zort Klaus oder Skite, déi dann einfach Skit (Скит) genannt gouf. 1920 gouf d'Klaus zougemaach an an hir Plaz koum fir zéng Joer e Weesenheem, wat duerno enger Forstwirtschaft gewach ass. Déi ganzen Zäit iwwer hunn op d'mannst zéng Familljen do gewunnt.
1956 hu se eng Aarbechtersiidlung fir de Bau vum Krasnojarsker Stauséi gegrënnt. De 4. Abrëll 1957 gouf Skit op Diwnogorsk ëmbenannt (wat sou vill wéi "Stad nieft de wonnerbare Bierger" bedeit) an 1963 krut se d'Stadrechter[1].
Fotosalbum änneren
-
Diwnogorsk, d'Boriss-Polewoi-Strooss
-
Bau vum Damm (1963)
-
Damm haut (2016)
-
Vue op de Jenissei, mat lénks de "wonnerbare Bierger" vum Ostsajan
-
Diwnogorsk un der Eisebunnslinn laanscht de Jenissei
Um Spaweck änneren
Commons: Diwnogorsk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ Archive copy Archivéiert op 2019-01-16. Gekuckt de(n) 2016-10-15.