Diskussioun:Zuchaccident zu Zoufftgen

Letzter Kommentar: viru(n) 5 Joer von Les Meloures

Automatesche Liichtblock -> Block automatique lumineux

Just vu Virwëtz: wéi heescht dat Déngen op der lëtzebuergescher Eisebunn? --Les Meloures (Diskussioun) 12:03, 12. Aug. 2018 (UTC)Äntweren

Entweder Selbstblock (Sb S59 (Selbstblock Bauart Siemens 1959), Sb S60 (Selbstblock Bauart Lorenz 1960)) oder Zentralblock (ESTW). Zu Lëtzebuerg garantéiert e Block ëmmer souwuel Géige- wéi och Follegfuerschutz.
A Frankräich ass béides getrennt (eng Kéier de Block fir de Follegfuerschutz (datt keen deem aneren hannen drop rennt, BAL zum Beispill) an eng Kéier eng Ariichtung fir de Géigefuerschutz (logescherweis datt keng frontal Kollisiounen entstinn, zum Beispill enclenchement de (contre)sens)).
Zu Lëtzebuerg gi Follegfuer- a Géigefuerschutz ëmmer an enger Blockariichtung combinéiert (19 Zoll grouss), déi dann d'Signaler entweder späert oder fräigëtt, ausser um Stellwierk Beetebuerg fir d'Sortie a Richtung Diddenuewen.
Déi béid éischt Bléck tëscht Beetebuerg an Diddenuewen sinn eng Kombinatioun tëscht der Follegfuerschutzkomponent vum Sb S59 an der Géigefuerschutzkomponent vun der IPCS (also dem enclenchement de contresens), wärend de Follegfuerschutz vun Diddenuewen aus gekuckt vum BAL séchergestallt gëtt. Esou ee Gebastels gëtt et op all Grenzofschnëtt an Europa (zum Beispill och tëscht Däitschland a Polen), well sech déi national Systemer esou staark ënnerscheeden, datt ugepasst muss ginn.
Wichteg ze soen ass datt d'Blockbauarten zwar an den Notices techniques op de Stellwierker deelweis ernimmt ginn, d'Mataarbechter fir all eenzele Block awer nach eng Kéier präzis Informatiounen iwwert d'Funktiounsweis kréien, déi och beim APCT (application pratique des connaissances théoriques, eng Aart Test) ofgefrot ginn. --Helicopter2011 (Diskussioun) 15:49, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren


Merci, et war just fir ze wëssen op do, wann een automatesche Liichtblock seet, eng Verwiesselung kéint mat engem System entstoen deen um Lëtzebuerger Netz besteet. Wéi et schéngt ass dat jo net de Fall. --Les Meloures (Diskussioun) 16:02, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren
Dach dat ass schon de Fall, well et déi lëtzebuergesch Bezeechnung jo offiziell net gëtt. Doduerch ka jiddereen deen Ausdrock anescht interpretéieren. Dowéinst steet do jo och Installation permanente de contre-sens an net Permanent Géigerichtungsinstallatioun. --Helicopter2011 (Diskussioun) 16:25, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren


Dach dat ass schon de Fall, well et déi lëtzebuergesch Bezeechnung jo offiziell net gëtt
Vu wat gëtt et dann iwwerhaapt lëtzebuergesch offiziell Bezeechnungen. ??? --Les Meloures (Diskussioun) 16:30, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren
Vun deene Saachen, vun deenen a Virschrëften (Gesetzer, Arrêtéeën, intern Reglementer vun der CFL, asw.) geschwat gëtt. Mat offiziell hunn ech Bezeechnunge gemengt, déi eng legal Basis hunn, an Automateschee Liichtblock huet déi ganz sécher net. Benotzer:Helicopter2011
Et schéngt mer normal datt fir eppes wat zu Lëtzebuerg net gebraucht gëtt, et och keng Legal Besis gëtt.
Ech hat hei uewendriwwer gefrot wéinst dësem Commentaire: an deem Fall handelt et sech ëm e Block deen nëmmen a Frankräich zum Asaz kënnt; déi lëtzebuergesch Bléck funktionéiere ganz anescht (déi lb. Bezeechnung géif nëmmen Onkloerheet schafen
Meng Fro ass elo: Wéi kann d'lb Iwwersetzung automatesche Liichtlock, Onkloerheet schafen, vu datt zu Lëtzebuerg dengen Aussoe no kee System sou heescht. --Les Meloures (Diskussioun) 17:01, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren
Well d'Leit déi dat liese keng Ahnung vun der Matière hunn an da generaliséieren. --Helicopter2011 (Diskussioun) 17:40, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren
Dat kann ee mol éischtens bal bei alles soen, an zweetens soll et ons Suerg net sinn wat Leit dommerwies generaliséieren. Fir datt se dat net solle maachen, verlinke mir déi Wierder jo a mir explizéiere s'an engem Artikel. --Les Meloures (Diskussioun) 18:05, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren
D'Englänner nennen et luminous automatic block am Däitschen hunn ech nach keng Iwwersetzung fonnt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:55, 13. Aug. 2018 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Zuchaccident zu Zoufftgen".