Diskussioun:Steesel
Letzter Kommentar: viru(n) 9 Joer von Les Meloures in Abschnitt Stesel oder Steesel
Untitled änneren
Gëtt Stesel net mat engem e geschriwwen ? --Alexandra 17:20, 28 Juli 2005 (UTC)
Stesel gëtt mat engem e geschriwwen! Mee et ass Steesel. :-))))) --Cornischong 18:15, 28 Juli 2005 (UTC)
Ah jo wanns du et natierlech esougesäis.
Zu StEEsel ginn et awer lauter Schëlder mat StEsel dropstoen: Steselerstuff, Uertschaftsschëld..... asw :-) --Alexandra 10:27, 29 Juli 2005 (UTC)
Stesel oder Steesel änneren
Moien, heidriwwer war sengerzäit jo net vill dobäi erauskomm. Mä wouhir kënnt dat Steesel hei op Wikipedia?
Stesel um Geoportail.lu
Stesel an de Coordonnees-LUREF-lieux-habites.xls, LIEUX-HABITES du Grand-Duché de Luxembourg (ech mengen déi kennt vum Kadaster)
Stesel um Stroosseschëld
Steesel just op steinsel.lu
--Jwh (Diskussioun) 22:45, 3. Jul. 2014 (UTC)
- Moien, wann ech mech gutt erënneren ass sech senger Zäit bei den Uertschaftnimm, op déi Schreifweis baséiert ginn déi de Josy Braun a sengem Bichelche virgëtt.
- Et ass och par Analogie zum Steen (Stein), déi richteg. D'Reegel déi bei Reegel a Segel ugewannt gëtt, passt hei net, well d'Wuert jo net tel quel aus dem Däitsche kënnt. D'Gemeng schéngt dat scho richteg gemaach ze hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 05:29, 4. Jul. 2014 (UTC)
- Merci, verstinn ech richteg, an deem Fall "overruled" de Josy Braun d'Schabloun:Kadaster Nimm? --Jwh (Diskussioun) 07:34, 4. Jul. 2014 (UTC)
- Jo, de Kadaster huet sech zwar scho vill Méi mat der Schreifweis ginn, mä heiansdo sinn nach Boboen dran. --Les Meloures (Diskussioun) 10:37, 4. Jul. 2014 (UTC)
- Merci, verstinn ech richteg, an deem Fall "overruled" de Josy Braun d'Schabloun:Kadaster Nimm? --Jwh (Diskussioun) 07:34, 4. Jul. 2014 (UTC)