Diskussioun:Société électrique de l'Our

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Christian Ries in Abschnitt Bräichte mir nët dräi Schablounen ?

Praktescht Ausschwätzen änneren

An de Referenze steet: "gëtt an der Praxis op zwou Manéieren ausgeschwat": Ass et net vläicht esou, datt d'Ausschwätze vun Eppes ëmmer an der Praxis ofleeft? Mär si bis elo nach keng Fäll bekannt, bei deenen et zu engem virtuellen Ausschwätze koum?--Cornischong 06:37, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Richteg, respektiv falsch änneren

"D'Ofkierzung SEO respektiv S.E.O.": Op déi Ausso huet d'Welt gewaart. D'Ofkierzung ass entweder S.E.O. oder SEO. --Cornischong 06:45, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Referenz gouf erausgeholl, war souwisou keng.
D'Société électrique de l'Our nennt sech selwer SEO, an souwäit wéi ech bis elo héieren hunn gëtt dat Déngen Es / Ee/ O ausgeschwat an net Seeo. Les Meloures 09:24, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Wann awer een, deen 3 Km derniewend wunnt, Seeo als richteg beschreift da gleewen ech deem dat och. Oder ass nëmmen dat richteg, wat d'Benotzer Les Meloures a Cornischong schonn héieren hunn? --Pecalux 09:43, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Tjo an dobäi schreift en net [Seeo] mä [seo]. Les Meloures 09:57, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Et geet bei den Ofkierzungen op der Wiki am Fong net drëms wéi se ausgeschwat ginn, do mécht jidderee wéi e wëll. Et geet drëms wéi se geschriwwe gëtt. De Rescht ass subjektiv. Les Meloures 10:03, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

"Wann awer een, deen 3 Km derniewend wunnt, Seeo als richteg beschreift da gleewen ech deem dat och." Tjëft namol, dat huet mech awer lo iwwerzeegt. Da "beschreiwe" mer also "Seeo". An ofgesinn dovun: Hei gëtt de Cornischong ernimmt, deen absolut néierens eppes vun "héiere" geschriwwen huet. Also, léiwe Pecalux: Näischt aus de Féngerche suckelen, gell. --Cornischong 10:22, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Ech bleiwen dobäi: et ass eng Realitéit datt d'Bevëlkerung [seo][1] seet an offiziell [s. e. o.] gesot gëtt. Ech fannen dat sproochlech en interessanten Detail, deen duerchaus op enger Wiki als Referenz ka figuréieren. Et ass net heefeg, datt eng Ofkierzung engersäits als Sigel, anerersäits als Akronym an der Praxis benotzt gëtt. Ech hätt deemno gären, wann déi Referenz hannescht gesat géif ginn. --Christian Ries 19:55, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Referenzen änneren

  1. falls mat der phonetescher Schreifweis eppes net stëmmt, da verbessert et einfach.

Ech hunn näischt dergéint, mä et gehéiert menger Meenung net ënner Referenzen, well et ass keng Referenz. Wéi kéint een dat dann aneschtes ënnerbréngen. Les Meloures 20:20, 14. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

De Problem besteet schonns laang mat de Referenzen, an deenen och Noten stinn (dat ass a villen Artikelen de Fall). U sech wier d'Léisung ganz einfach: d'Schabloun Referenzen misst an Referenzen an Noten ëmgedeeft ginn. --Christian Ries 07:14, 15. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Salut,
Gouf geännert. Les Meloures 07:20, 15. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Remoien,
Ech ginn dervunner aus datt dat awer nëmme lokal ass mam Ausschwätzen. Perséinlech hunn ech dat nach ni héieren, hat awer virun e puer Joer, ganz vill Kontakt mat Leit déi do schaffen. Les Meloures 07:29, 15. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Salut, wier Noten net besser ewei Bemierkungen (als Uleenung un "Notes de bas de page" am fr.)? --Christian Ries 09:28, 15. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Remoien,

Mengetweege kënnen et och Notte sinn. Ech änneren dat. Les Meloures 09:49, 15. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Bräichte mir nët dräi Schablounen ? änneren

Esou kéint een méi flexibel schaffen je no Inhalt vun engem Artikel:

  1. {{Referenzen}}
  2. {{Notten}}
  3. {{Referenzen a Notten}}

--Christian Ries 15:47, 15. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Société électrique de l'Our".