Diskussioun:Schëtz

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Otets

Moien,

A waterengem vun de lëtzebuergeschen Dictionnairen ass dat Wuert Schëtz nozekucken ? --Les Meloures 09:44, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

An deem vum Engelmann. Ech sinn awer sécher datt ech et och soss scho gesinn hunn, mee op Pabeiersdictionnairen hunn ech elo keen Zougrëff. --Otets 10:08, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Remoien,

Merci fir d'Info. --Les Meloures 10:19, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Just um Rand ernimmt:
No engem Openthalt vun dräi Joer bei der Arméi, hat ech dat Wuert souguer do ni héieren. Do gëtt vun engem Tireur geschwat. Sou heeschen z.B déi Leit an enger Maschinnegewiersequippe Tireur-MG. Deen deen d'Munitioun erbäischleeft ass de Pourvoyeur. Bei de Kanounen gouf dee Mann deen op de Knäppche gedréckt huet fir de Schoss lasszeginn, och Tireur genannt. De sougenannte Schaarfschëtz wéi en am Artikel opgezielt ass gouf bei der lëtzebuergescher Arméi ënner Tireur d'élite gefouert. --Les Meloures 10:22, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Beim Déngschtgrad hunn ech elo net onbedingt un eis Arméi geduet. D'Transmuselaner nennen hir Leit esou, an d'Russen och. Déi hunn iwregends do Problem an hirem Artikel gesinn an e gesplitt op Homonymie an Déngschtgrad. Solle mer dann elo bei eis als Interwikilink ru:Стрелок (должность) bäisetzen, oder wier dann och de:Schütze (Dienstgrad) néideg an da komme mer guer net méi eraus?
Beim Schëtz war ech mer sécher, wann s de awer de Schaarfschëtz léiwer als Tireur d'élite gesäis, do weess ech net wat als Stacklëtzebuergescht am Gebrauch ass, maach do wéi s de denks. --Otets 10:58, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Remoien,
D'Transmuselaner hunn deen Déngschtgrat (et ass deen ënneschte bei den Zaldoten) nëmmen a verschiddenen Truppegattungen, an entsprécht deem wat bei ons en Éischt Klass ass. (dee mat enger rouder Spränz).
Et ass natierlech ëmmer schwéier wann een an enger Enzyklopedie met Wierder hantéiert déi net am Gebrauch sinn, an och praktesch ni waren. Ech hunn dat Wuert och nach soss néierens an der Lëtzebuergescher Literatur fonnt. --Les Meloures 11:15, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Dat jäizt jo da bal no engem Artikel "Schütze (Homonymie)" wou op den Artikel "Schëtz (Homonymie)" an den nach ze schreiwenden Artikel "Schütze" higewise gëtt. Am leschtgenannten, deen et op 11 Wikie gëtt, verhedderen ech mech da beim iwwersetze vum Panzerschëtz a vum Jeeër... ;-)
Wa mer just nom Gebrauch ginn, dann däerfe mer deemnächst d'Kaweechelchen op Eichhörnche réckelen. Fir mech huet grad d'Wiki d'Verantwortung fir stacklëtzebuergesch Wierder net an de Vergiess geroden ze loossen. Leider hunn ech den Dictionnaire vu '56 net bäi Hänn, et war mer wéi wann ech de Schëtz viraals do gesinn hätt (mee ech wëll dat elo net beschwieren). A ganz ouni Gebrauch ass de Schëtz wuel net, well op d'mannst den Zinneke kennt d'Wuert och well et war heen deen et an eis Homonymiesäit bäigesat huet. Also si mer schonn zu zwee, trei nom Wiki-Grondsaz "hief Courage". --Otets 11:34, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
De Panzerschëtz an de Jeeër
Wann dat deng Prioritéit ass fir déi niddregst Déngschgrade bei den Transmuselaner ze beschreiwen, da muss de dech eebe verhedderen (de) oder verhaaspelen (lëtz). --Les Meloures 12:28, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
P.S. Et wier dann och vläicht ubruecht mol en Artikel iwwer Stacklëtzebuergesch ze maachen, an doranner z'erkläre water Wierder datt dozou gehéieren. Mä ech mengen dat si Saachen do brieche mer ons d'Auer. --Les Meloures 12:49, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Nee, wann dann hätt den Artikel Strelok Prioritéit, déi preisesche wier just Amen an Jo iwwersat gewiescht an dann hätte mer en Artikel weider gehat, eng Mussesaach war dat ni fir mech. Deng Artikelpropos wier effektiv genial, mee mat der Auer briechen hues de wuel leider Recht. Absëns well et dat eent Lëtzebuergescht ni gouf (an och haut offiziell net) mee just eng Abberzuel gläichberechtegt lëtzebuergesch Dialekter. Wann s den Artikel Schëtz als net relevant genuch ugesäis, da läsch en, ech duet just e géif kengem wéi don an et wier alt nees ee weider. Just bei dem Alexandra sengem 10.000sten Artikel "Schëtz (Homonymie)" wollt ech d'Wuert sécher dra wëssen, well do ass et relevant. --Otets 14:39, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Remoien
Wat den Artikel ugeet sinn ech net do fir ze decidéieren ob e geläscht soll ginn. Do missten och nach aner Leit hir Meenung derzousoen.
à propos Alexandra-Artikelen: Ee vun onse fréieren Adminnen, hat all déi Déierekresszechen déi ënner anerem vum Alexandra ugeluecht goufen, einfach aus bloem Himmel esou geläscht, ouni datt jee eng Kéier eng Läschpropose gemaach gouf, wann ech dat nach gutt an Erënnerung hunn. Aner Wikie féieren déi astrologesch Artikelen awer an hu kee Problem dermat. Ech wier derfir fir déi Artikelen nees z'aktivéieren. --Les Meloures 14:55, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
En huet wuel entweder dat Thema als net seriö genuch ugesinn oder seng Ëmsetzung. D'Läschdiskussioun gouf hei gefouert: Diskussioun:Stéier (Astrologie). Vläit sollt een e Spoiler setzen. Mee soulaang keng "Kaarteschléieschtricken" dra sinn kënne se vu mär aus nees operstoen. --Otets 15:09, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Ech sinn och een vun deenen, déi den Term "Schëtz" schonn héieren hunn. Allerdéngs nëmmen a Relatioun mat der Astronomie a mat der Astrologie. Bei den Zaldote, Jeeër an anere "Schësser" hunn ech e nach nie héieren. Domatt wiere mer da schonn zu dräi. --Pecalux 15:32, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Zum Schëtz um Bild.
Um Bild ass e Marineinfantrist met engem Karabiner ze gesinn.
Hei uwendriwwer gi mer gewuer datt de Schëtz an der russescher Arméi en Déngschtgrad ass. Deen Zaldot um Bild huet awer net d'Spränzen déi deem Déngschgrad enstspriechen. --Les Meloures 18:10, 31. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

D'Lëtzebuerger Wierderbuch huet de Schëtz och am Répertoire, dat wier dann elo deen zweeten Dictionnaire.

Leider hunn ech ni gedingt. Am ru-Artikel schwätze se vun "Amt" (Funktioun op Lëtz.?) an net vun Dingschtgrad. Soll ech dat elo am Artikel bäisetzen oder ass et awer just en Dingschtgrad an d'Bild muss eraus? --Otets 00:10, 1. Abr. 2011 (UTC)Äntweren
Remoien
Ech maache meng Meenung zu dësem Artikel nach eng Kéier méi detailléiert kloer.
1) Dat Wuert Schëtz ass e vereelste Begrëff, deen zwar en zwéin Dictionnairen opzedreiwen ass, awer soss bis elo nach néierens an der Literatur nogewisen ass.
2) Eng Enzyklopedie huet guer net d'Missioun fir vereelst Wierder um Liewen z'erhalen.
3) Den DFL seet bei tireur: een dee schéisst. An de sougenannte Schaarfschëtz dee mer hei ëenergejubbelt kréien ass bei deem och en Tireur d'élite'.
3) D'Definitioun datt et eng Persoun ass déi mat Waffe kann ëmgoen an dat wat duerno kënnt ass mer zimmlech mat den Hoer erbäigezunn. De Larousse gëtt z.B. bei tireur déi heiten Explikatioun: Personne qui tire des coups d'une une arme à feu. Dobäi gëtt net gesot ob en dat geléiert huet oder net, oder ob mat enger Waff ëmzegoe wees.
4) All déi däitsch zesummegesat Wierder mat Schütze wéi Scharfschütze, Todesschütze, Torschütze gëtt et och net an enger enstpriechender Iwwersetzung op Lëtzebuergesch.
5) De spezifeschen Déngschtgrad bei der däitscher Arméi gëtt vun alle Wikien ënner Schütze gefouert, souguer vun der Russescher mat dem entspriechenden Ofzeechen (Schëllerstéck) derbäi, an ouni Foto vun engem Marineinfantrist deen dem Grad net entsprécht. Kuckt dozou ru:Шутце. Den Déngschtgrad deen deem an der russescher Arméi entsprécht ass deen heiten ru:Рядовой wat bei äis an an aneren Arméien dem Zaldot (Déngschtgrad) entsprécht.
--Les Meloures 08:42, 1. Abr. 2011 (UTC)Äntweren
D'Missioun net, mee et ass en Nieweneffet deen der Sprooch dingt. Oder ëmgedréint: et ass och net d'Missioun fir sech drun ze bedeelege fir d'Sprooch méi oarm ze man. Absëns wou deen een oder aneren d'Wuert nach kennt an et net kënschtlesch reaniméiert muss ginn mee just am Gebrauch gehalen.
Ech hunn déi Kritikpunkten am Artikel elo geännert.
Wéi gesot, Шутце a Рядовой stëmmen absolut, ech hu jo hei driwwer gesot et wier bei deene rus. Truppendeeler en Amt a keen Déngschtgrad, och wann dat ugaangs falsch am Artikel stong (an elo verbssert gouf).
--Otets 18:24, 4. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Dës Diskussioun fannen ech ganz spannend. Ech hunn och mol nogekuckt an um infolux – Forschungsportal zum Luxemburgischen dëst fonnt an hei zesummegestallt. Dobäi si mer besonnesch de Lauerschëtz an de Schëtz vu Felen opgefall.

LLU – Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (Gangler, 1847)

  • Schötz m., Schütze.
  • schötzech av., geschwinde (eig. schüssig); E. schoetzig.
  • Schotz, pl. Schötz, m., 1° der Schutz, le coup de feu; 2° der Schößling, le jet; 3° der Trunk, le coup. — Engl. shoot; holl. scheut, le jet. — An èngem Schotz, in einem Zuge, d'un seul trait.
  • Schötz dun, ausziehen, sortschießen, aus aller Macht laufen, courir à toutes jambes.

WLM Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart (Huss, 1906)

  • Schotz (pl. Schötz) m., 1. Schuß; 2. Wurf; 3. Schluck; 4. Schößling. — ên zum Sch. Kre’en, die günstige Gelegenheit finden, um j. zur Rede zu stellen. — kê Sch. Polver w’ert sin, keinen Schuß Pulver wert sein.
  • Schötz m., Schütze.

LWB – Luxemburger Wörterbuch (Linden, 1950-1970)

  • Schëtz M.: «Schütze» (Engelmann).
  • schëtzeg Adj./Adv.: «schnell, flott» — dat as sch. gaang — du gees mer ze sch. — an e bëss-che méi sch.! — deem kënnt et sch. (er ist schlagkräftig, redegewandt) — cf. schnell II, jhitzeg, huerteg, wif, séier, streng.
  • Lauerschëtz M.: «Wilderer» — dafür meist Braconnier (s. d.).
  • schalleren intr. Verb.: «widerhallen» — et huet an de Gruechte geschallert vu Schëtz (Schüsse — C).
  • Schoss (Pl. Schëss) M.: (...) 2) (...) Schëtz dun (abhauen); (...) 4) «Schössling, Trieb» (in dieser Bed. meist nur Schotz) — d'Bäm hu schéi Schëtz gemaacht — übtr.: de Jong huet e gudde Sch. gemaacht (gedon — ist in kurzer Zeit viel gewachsen) — Zussetz.: Hexe-, Vir-, Waasserschotz — cf. Kéng, King.
  • ugoen intr./trans. Verb. (...) 2) «davonlaufen, abhauen» — en as ugaang wéi de Schëtz (Hëtz) vu Felen, wéi de Wand, wéi de Blëtz, wéi den Zuch

--Sultan Edijingo 20:41, 6. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Remoien
Et wier mol flott wann ausser deene Beispiller déi just an ale Wierderbicher opzedreiwe sinn, wéinstens ee Beispill an der Literatur opzedreiwe wier. Dat ass menger Meenung no den eenzege Beweis datt d'Wuert tatsächlech emol gebraucht ginn ass.
--Les Meloures 22:07, 6. Abr. 2011 (UTC)Äntweren
Ech hunn och emol dat Wuert Rjadowoi dat mer hei als Beispill vun enger Funktioun zerwéiert kréien am Google aginn, an an de 50 gréisste Wikien eenzel derno gesicht. Dat Wuert kennt och anscheinend keen. --Les Meloures 22:28, 6. Abr. 2011 (UTC)Äntweren
Wann an der Literatur z.B. "Opfer" steet, da gëtt dofir dorauser nach laang kee lëtzebuergescht Wuert, an ëmgedréint si Wierder déi bis ewell nach net a Bicher gedréckt goufen dofir net onbedingt inexistent. Emol dovun ofgesinn datt ech bei allem Respekt net dovun ausginn datt s du all d'Bicher déi je op Lëtzebuergesch gedréckt goufe gelies hues an dann en plus nach e photographescht Gediechtnes hues fir dech awer och un all eenzelt Wuert z'erënneren. Ech halen der gutt datt et vläit kee ganzt geleefegt Wuert an der Literatur ass, mee dat heescht jo wi gesot näischt. Et steet an engem Dictionnaire (an Dictionnairesschreiwerte si keng Erfinder mee Dokumentaristen), et gëtt Leit déi et schonn héieren hunn, an et gëtt dowéinst kee Grond fir et muttwëlleg duerch e preisescht Wuert z'ersetzen. A Rjadowoi steet an der ru-wiki (natierlech do mat kyrillesche Buschtawen). --Otets 03:24, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
Moien,
Vu datt déi meescht an der lb:Wiki kee russesch schwätzen, wier mol vläicht an der Diskussioun hei e Link op dee Lemma an der ru:Wiki net vu Mutwëll. --Les Meloures 08:46, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
an huet dee Rjadowoi wierklech eng Funktioun an der russescher Arméi a watereng. Et wier da och net schlecht déi direkt am Artikel mam Numm ze nennen. --Les Meloures 09:35, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
De Link ass einfach, dee kënnt direkt: Рядовой. D'Funktioun ass mi schwéier ze beschreiwen, du kenns dech do wäitaus besser wi ech, ech ka mech just op dat beruffe wat ech liesen ouni eege Schlëss draus zéien ze kënnen. Am Artikel iwwert de "Schëtz als Funktioun/Posten an der Arméi" steet, datt de Schëtz eng Funktioun respektiv e Poste vun de Militärmemberen an de folgende Sträitkräfte vu Russland ass: motoriséiert Schéisstruppen, Loftlandtruppen, Marineinfanterie. An de motoriséierte Schéisstruppe gëtt et d'Plangstell vum Schëtz, déi souwuel dem etatméissegen Dingschtgrad vum Zaldot (Rjadowoi, ee Rank iwwert dem Rekrut) wéi och der Tarifkategorie vun deem sengem Salaire entsprécht. Méi weess ech leider net. --Otets 16:48, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
Da schéngt et mer keng Funktioun ze sinn. Dann ass et een Zaldot am ënneschte Grad dee just a verschiddenen Truppen déi Bezeechnung dréit. Ech weess net op mer dodrop sollen extra e Link fir op en Artikel maachen, oder solle mer all ënneschten Zaldotegrad aus all Arméi hei behandelen.

D'Linken op déi aner Wikië weisen vun der ru:Wiki aus all op de Grad Zaldot. Eschéngt deemno och näischt mat den däitsche Schütze gemeinsam ze hunn. --Les Meloures 17:24, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

E Rjadowoi ass effektiv en Dingschtgrad, deen ee mat "Zaldot" iwwersetze kann. Doriwwer eraus erfëllt deen Dingschtgrad bei de motoriséierte Schéisstruppen, de Loftlandtruppen an an der Marineinfanterie d'Funktioun/Posten/Amt (also d'Aufgab) vun engem Schëtz. Et schéngt mer esou ze sinn datt net all Rjadowoi och d'Amt vun engem Schëtz mécht, mee just d'Rjadowoie bei de motoriséierte Schéisstruppen. Wann dat elo ze konfus sollt si fir een deen eppes dovu kennt (fir mech ass et et, mee ech si jo kee Spezialist a Graden a Funktiounen), da maachen ech en Artikel am Wiktionnaire a réckelen d'Homonymie op "Schëtz". So mer Bescheed wat s de mengs (mee ech si fir haut waarscheinlech fort). --Otets 19:44, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren


Fir de Rescht sinn ech iwwerfrot. --Otets 19:44, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
Wann de net weess wat s de solls maachen, da mach am léifsten näischt. Bei souvill rout Linken déi mer do stoen hunn, déi no engem Artikel jäitzen, a fir déi et einfach ass korrekt Definitiounen ze ginn hunn ech nieft der Schinn fonnt fir en aalt Wuert dat praktesch net am Sproochgebrauch ass, onbedingt wëllen hei stoen ze hunn. Et geet menger Meenung no duer wa mer dee roude russesche Link eraus huelen, an da wier et och gutt. An engem Artikel Zaldot kann een dat Ganzt eng Kéier breettrëppelen. --Les Meloures 20:09, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
Op der de-wiki soe se "Hief Courage". An al Wierder sinn nun emol ee vu mengen Dadaen. Datt dat an esou enger ielelaanger Diskussioun wäert kulminéiren, an datt verschidden Aspekter vun der Definitioun méi schwiereg sinn, hätt ech natierlech net geduet. Mee bon, dann hu mer et jo elo hannerun eis, ech hunn de Rjadowoi als Funktioun aus dem Artikel gestrach.--Otets 08:08, 24. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Schëtz".