Diskussioun:Séisskäschtebam

Letzter Kommentar: viru(n) 16 Joer von Cayambe

Gudde Moien,

Op dem Bam wuesse keng Marounen. Héchsten 20 % vun de Käschten déi um Bam wuessen ginn als Marounen eraus gesënnert. Wou kënnt deen Numm Marounebam hir. Gëtt et Litteratur dozou. Am Franséische ginn als Maronniers net nëmmen déi Zam Käschte gesinn, an déi däitsch kennen de Bam ënner Edelkastanie.

Dir sot Iesskäscht ass kee Bam. Dobäi däerf ech bemierken dat en etlech Beem an Träisch nëmme mat dem Numm vun hirer Frucht genannt ginn, dorrënner d'Iesskäscht oder Zam Käscht, d' Vullekiischt, d'Vullebiren d'Schléiwen an esou weider. Kuckt och den däitschen Numm Edelkastanie do steet och net Edelkastienbaum.

81.245.67.221 09:54, 31. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Gudde Mëtteg. " Dobäi däerf ech bemierken dat en etlech Beem an Träisch nëmme mat dem Numm vun hirer Frucht genannt ginn ..." Natierlech däerf een dat bemierken. Just, wann ech am Klees kucken, da mierken ech datt dee Mann och schonns erausfonnt hat, datt am Däitschen bei der Planz vun de Käschten dat Rosskastanie heescht (Nummer 880) an net Rosskastanienbaum. Dobäi ass de lëtzebuergeschen Numm fir d'Planz beim Klees "Käschtebam" oder "wëlle Käschtebam", an net Käscht. Bei 903 fannen ech de "prunus spinosa L." Do (op der Säit 88) nennt de Klees d'Planz "Schléiwendar" oder ""Schwaarzdar". A well deen den Numm vun deem kennt, dat op där Planz wiisst, steet ënnedrënner "Frucht: Schléif, Pl. Schléiwen". Wou den Numm "Zam Käscht" hierkënnt, wäerte mer vläicht bei dëser Geleeënheet gewuer ginn; beim Klees hunn ech en net gesinn. Dee schreift "Séisskäscht". Mer dinn also gutt drun, wann nëmme méiglech, d'Planz an dat drop wiisst auserneen ze halen. An dobäi opzepassen, wat hei esou behaapt gëtt vu Leit, déi gär Literatur geséichen, mee déi, déi et gëtt, net benotzen. --Cornischong 11:29, 31. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Moien, Wat seet de Klees da vum Marounebam? 81.245.67.221 11:40, 31. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Moien

Dir sot: Bei Zitater wier et nawell fäin, fir genee gewuer ze ginn wou se hierkommen.

Et wir och vläicht flott bei Beem da gewuer ze ginn wou den Numm hierkënnt. 81.245.67.221 12:03, 31. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Dat ass absolut wouer. --Cornischong 14:05, 31. Jan. 2008 (UTC)Äntweren
Virwat kréien ech hei de Ball an de Camp gehéit. Ech hu weder den Artikel gemaach nach den Numm geréckelt. Les Meloures 13:53, 31. Jan. 2008 (UTC)Äntweren
O entschëllegt, léiwe Mataarbechter. Ech wollt op kee Fall Onbedeelegter mat dranzéien. --Cornischong 14:16, 31. Jan. 2008 (UTC)Äntweren

Moien,
Kennt een eng Referenz op 'Marounebam' (=Castanea sativa)? Wann et däerer keng (oder keng sérieux) gëtt, schloen ech vier bei Séisskäschtebam ze bleiwen (de Klees schreift jo: Séisskäscht).
Och "Wëlle Käschtebam" (Aesculus hippocastanum) gefällt mer guer net (dëse Bam ass net méi wëll wéi deen aneren), och wann nom Klees dëse Numm an engem Deel vum Land gebraucht gëtt
Also mäi Vierschlag:

Aesculus hippocastanum (de: Rosskastanie) = Käschtebam
Castanea sativa (de: Edelkastanie) = Séisskäschtebam

Vierdeel: kloer, liicht ze verhalen.
Wa keng argumentéiert Oppositioun kënnt, réckelen ech :-). Cayambe 20:25, 21. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Kultivaren änneren

Et gëtt zwou seelen Ënnerarte dervun:
Albomarginata: huet Blieder mat engem wäisse Bord, déi an der Mëtt vun der Kroun och alt ganz Wäiss kënne sinn.
Laciniata: fënnt een als Kulivar als Asplenifolia. D'Blieder sinn 20 - 30 cm laang, mat onreegelméissege schmuele Läppercher déi zur Spëtz zou wéi e laange Fuedem ausgesinn.

Deen Text hunn ech gestrach:
Dëst si keng Ënneraarten mee 'just' Kultivaren (déi also net an der Natur virkommen).
Well et och nach vill aner Kultivare vun dëser Aart gëtt, an et net sënnvoll ass déi hei ze behandelen (op der fr, de an en-Wiki ass dat och net de Fall) an och wéinst Feler am Text hunn ech dëse Paragraph geläscht. Cayambe 08:47, 1. Mäe 2008 (UTC)

Salut,
Gutt gemaach. Ech hat dat mat de Kultivaren iwwersinn. Les Meloures 09:33, 1. Mäe 2008 (UTC)
Zréck op d'Säit "Séisskäschtebam".