Diskussioun:Roger Ebert
Leschte Kommentar: viru(n) 11 Joer vum Soued031
Ass et elo Libling (Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch, Ed. Saint Paul) oder Liibling?? Johnny
- Gudde Moien, ech géif do den DLW net nolauschteren, well déi Schreifweis geet géint d'Gesetz vum laang ausschwätze vun de Vokaler i/u/o/a. Sou leeft dat mam Wuert "Liebling-" oder "Liebes-", et gëtt kee laangen "ie" dee wéi en "ii" ausgeschwat gëtt am Lëtzebuergesche wéi am Däitschen, also muss aus dem "ie" en "i" oder en "ii" ginn. Bei "Libes-" hu mer de Virdeel datt virum i just ee Konsonant ass an zwar de b da gëtt den i automatesch laang ausgeschwat well op der zweeter Plaz e Vokal (do ass d'Zort vu Vokal egal) ass. Bei "Liebling(s)-" hu mer de Problem datt wa mer den "e" ewechhuelen datt den "i" kuerz ausgeschwat gëtt well zwéi Konsonante virdru sinn also muss e verduebelt gi fir laang ausgeschwat ze ginn. A jo am LOD.lu sinn déi eenzeg Wierder déi déi Prefixen am Ament hunn, Libesbréif a Liibling. Hoffen dat beäntwert deng Fro ;). --Soued031 (Diskussioun) 23:29, 4. Abr. 2013 (UTC)
Kann een da net ganz einfach dee lëtzebuergeschen Ausdrock benotzen: Säi léifste Film war .... ? --Pecalux (Diskussioun) 05:58, 5. Abr. 2013 (UTC)
- Och. --Soued031 (Diskussioun) 10:17, 5. Abr. 2013 (UTC)