Diskussioun:Quentin Tarantino

Wann d'Adminen sech bei de Filmer net un déi décidéiert Reihefolleg halen, darfen déi aner Matarbechter dat dann och machen? Ech froe mech firwat ass eng Kéier ofgestëmmt ginn an eng Decisioun geholl gin, an da gëtt sech bei de neien Artikelen net dru gehalen. Johnny Chicago 23:59, 22 Mee 2006 (UTC)

Pardon, ech wosst dovunner neischt, soss hätt ech dat natierlech gemacht. Wann ee mir seet wou dat steet, da kann ech dat duerchliesen an dann direkt di nächste Kéier richteg machen. Als kleng Randbemierkung: Wann een sëch bei eppes iert, dann änneren ech dat einfach oder ech weisen hien dorobber hinn. Deen Toun do gefällt mir z.B. guer net........ --Alexandra 08:03, 23 Mee 2006 (UTC)

Fir Informatioun: http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:De_Stamminet/Archiv2006/Abr%C3%ABll

  1. 9 Erop oder erof??

Fliedermaus 08:18, 23 Mee 2006 (UTC)

Merci fir d'Info. Ech war och kuken, dat schéngt jo dann ze sinn dass mir vun nei op aal erof ginn, wann ech dat richteg verstanen hunn. Obschonns mir déi Ofstëmmung do komesch virkënnt, mä nujee.... leider war ech bei der Diskussioun an der Vakanz a konnt weder mat ofstëmmen an natierlech dohier och net d'Resultat wëssen, zumols wou et schonn am Archiv steet. --Alexandra 14:21, 23 Mee 2006 (UTC)

Zréck op d'Säit "Quentin Tarantino".