Diskussioun:Pompelspäicherwierk Weilerbach

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Les Meloures

Moien, war den ieweschte Baseng iere beim Bäerdrefer Hammhaff? Do gëtt et nach haut e klenge Weier. --Zinneke 21:39, 6. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,

D'Nofroen doriwwer lafe scho vun de Mëtten un. Ech hu bis elo nach näischt konkretes erausfonnt. Um Hammhaff war op jiddwer Fall mol e Wasserbaseng fir Drénkwaasser. De Weier vun haut schéngt de Rescht dovunner ze sinn sot mer emol de fréiere Proprietaire vum Haff den Här Molitor. Him ass näischt anescht bekannt. Ech waarden nach op eng Äntwert aus der Weilerbaach a vun engem Lokalhistoriker vu Bäerdref. Wann ech näischt weider gewuer ginn, kucken ech fir un dem Pierre Hamer säi Buch iiwer d'Pompelspäicherwierk vu Veianen ze kommen. Do misst méi geneeës dra stoen. Ech bleiwen op jiddwer Fall um Ball. --Les Meloures 22:21, 6. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

Do schéngt de Pierre Hamer sech mam Numm geiert ze hunn. Den iweschte Baseng war tëscht Ferschweiler a Weilerbach. (Ausso vun haut vum Lokalhistoriker Christian Oberweis)

Ech gi mer dat Déngen eng Kéier zesumme mam Här Oberweis ukucken, fir et dann och richteg ze lokaliséieren --Les Meloures 12:10, 7. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Pompelspäicherwierk Weilerbach".