Diskussioun:Platan zu Tënten

Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von Cayambe in Abschnitt "bis elo keng verëffentlecht Beschreiwung a Foto"

Untitled änneren

D'Bild
TëntenPlatan03.jpg
soll wgl. geläscht ginn, et ass net méi verlinkt. Ech hunn et duerch eng verbessert Versioun ersat. Cayambe 16:56, 25. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Läsche w.e.g. änneren

Salut,
Déi heiten 3 Biller solle w.e.g., wéinst hirer falscher Lizenz, geläscht ginn. Si sinn net méi verlinkt.

Fichier:TëntenPlatan01.jpg
Fichier: TëntenPlatan02.jpg
Fichier:TëntenPlatan04.jpg

Merci. Ech hunn se duerch déi selwecht, elo vu Commons, ersat. --Cayambe 21:26, 25. Jan. 2009 (UTC)Äntweren

"bis elo keng verëffentlecht Beschreiwung a Foto" änneren

Moie Cayambe, du hues am Saz "Et gouf bis elo keng verëffentlecht Beschreiwung a Foto vun dësem Bam" d'Joer vun 2008 op 2009 g'ännert. Ech huelen un, du mengs "gedréckte" Beschreiwung/Foto, well hei op der Wikipedia gëtt et se jo, zënter dass de zejoert den Artikel ugeluecht hues. Dofir géif ech och "2008" stoe loossen. --Zinneke 14:47, 27. Jan. 2009 (UTC)Äntweren

Moien Zinneke, Du hues Recht, dorunner hat ech net geduecht.
Sou wäit ewéi ech weess, hate mer bis elo nach kee Fall wou drop higewise gouf, datt en Artikel op der Wiki déi éischt Verëffentlechung zu engem Thema war. Duerfir ass et menger Meenung no der Wäert dat op dësem Beispill ze diskutéieren.
Hei meng Textproposen, zur Diskussioun:
a) Et gouf bis 2008 keng verëffentlecht Beschreiwung a Fotoe vun dësem Bam.
b) Et gouf bis elo (2009) keng op Pabeier verëffentlecht Beschreiwung asw.
c) Eng Beschreiwung a Fotoe vun dësem Bam goufe fir d'éischt 2008 an dësem Artikel op der Wikipedia verëffentlecht.
Wat mengs Du, an och "déi Aner" ? ---Cayambe 15:20, 27. Jan. 2009 (UTC)Äntweren
a) schéngt mer am beschten. Bei b) misst "een" all Joers drun denken, dat upzedaten an c) géiféischter passen, wann et anzwousch anescht (zB an engem Buch, dat 2015 erauskéim) géing stoen, datt "Eng Beschreiwung a Fotoe vun dësem Bam fir d'éischt 2008 op der Wikipedia op Lëtzebuergesch verëffentlecht" goufen... --Zinneke 15:49, 27. Jan. 2009 (UTC)Äntweren

Gudde Moien,

Eng Léisung wier och nach eng lafend Datumsschabloun anzesetzen. Dann ass et ëmmer aktuell. Wann eng Kéier eng Beschreiwung an engem Buch erauskënnt, misst souwiesou de Saz erausgeholl oder g'ännert ginn. Les Meloures 16:30, 27. Jan. 2009 (UTC)Äntweren

Moien,
ech, ee vun deenen "Aneren", proposéieren a). --Pecalux 16:35, 27. Jan. 2009 (UTC)Äntweren
Ok, ech setzen op 2008 (Alternativ a) zréck. Cayambe 22:12, 30. Jan. 2009 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Platan zu Tënten".