Diskussioun:Naturschutzgebitt Haard

Untitled änneren

Op der Säit vum Ëmweltministère nenne se dat Naturschutzgebitt eng Kéier "Haard-Steebierg-Hesselbierg" an eng Kéier "Haard-Hesselsbierg-Staebierg". Ausgeschwat gëtt et op alle Fall "Steebierg" (respektiv "Stäbierg" fir d'Awunner) an ech huelen un datt een op ale Koarte "Staebierg" fënnt just wéinst dem Ëmlaut "ae" - "ä". Genee de selwechte Phenomeen hu mer jo och bäi Käl - Keel. Wat solle mer elo huelen: "Staebierg" well et op den ëmlautfräie-Koarten esou steet, "Stäbierg" well mer op der Wiki d'Ëmlauter duerstelle kënnen, oder "Steebierg" well de Koinè (am Géigesaz zum Dialekt aus dem Süden) keng Distinctioun mécht tëscht "ä" an "ee"? --Otets 11:35, 24 Februar 2006 (UTC)

Stäbierg änneren

"Staebierg": och Kartographie-Software misst hautesdaags Tremaen hunn, deemno: nee. "Stän" oder "Steen": Well et en Numm ass, giff ech soen, dass d'allgemeng Reegel, Koinè ze schreiwen, domat iwwerstëmmt gëtt (Kuckt zB och: "Technopole Schlassgoart" zu Esch, asw.). Deemno giff ech fir "Stäbierg" plaidéieren. --Zinneke 11:52, 24 Februar 2006 (UTC)

Koarte-Koinè änneren

Do traut ee sech fir en Artikel unzefänken iwwer d'Naturschutzgebitt Haard-Hesselsbierg-Staebierg. An ier en den drëtte Saz geschriwwen huet geet eng interessant Diskussioun un: Kee Mënsch freet um Kadaster no, kee kuckt sech dat Gebitt un, kee freet op enger vun de Gemengen no, kee freet an der Forstverwaltung no, kee kuckt sech eng Kaart (net Koart!) un, keen informéiert sech iergendwou. Hei geet vun "Dialekt aus dem Süden" Rieds, hei gi Begrëffer gebraucht wéi "ëmlautfräie-Koarten"; hei gëtt argumentéiert mat ".. an ech huelen un datt ..." . - Hei soll "Stäbierg" gebraucht ginn, "well mer op der Wiki d'Ëmlauter duerstelle kënnen". Hei ginn al Kaarten zitéiert: "op ale Koarte "Staebierg" fënnt just wéinst dem Ëmlaut "ae" " an et hat just keen eng an der Hand. Wéi wier et mat enger Kaarteschléiesch?
@Tomateus:Schreif léiwer iwwer de "Brill" zu Mamer, do brauchs de just eng Homonymie-Säit. --Cornischong 01:16, 26 Februar 2006 (UTC)

Gudden owend : An hei heescht se zum Beispill einfach Haard [1]

An hei och [2] mat enger Fläch vu 615 Hektar Les Meloures 20:21, 16 Abrëll 2007 (UTC)

Rebonjour: An hei ass de Gesetzestext mam offiziellen Numm: [3]

Hei ginn e puer Saachen duerch enee geheit (zone protégée, Projet Naturbësch a Natura 2000 Gebitt). Naturschutzgebitt, wou am Artikel riets geet heet Haard-Hesselsbierg-Staebierg offiziell nom Reglement grand-ducal. --Tomateus 08:56, 17 Abrëll 2007 (UTC)
Maja. An ech hu mech dronke maache gelooss mat iwwerflëssege Froen. Ech krut aus "beruffenem Mond" erklärt et ass "Naturschutzgebitt Haard-Hesselsbierg-Staebierg" an domat dierft et sech endlech domat hunn! --Cornischong 09:37, 17 Abrëll 2007 (UTC)

Zirkus fäerdeg änneren

A propos dronken: Wat steet am Règlement grand-ducal (deen am Memorial A N0 87 vum 28. September 1994 ze fannen ass) ? Den Art.2. La zone protégée dénommée "Haard" se compose .... Ech entschëllege mech beim Les Meloures fir dee ganze Kabes, deen hei opgefouert gouf. Ech sinn um Ministär an op der Eaux et forêts falsch informéiert ginn. Dat ass gutt ze wëssen. --Cornischong 14:00, 17 Abrëll 2007 (UTC)

Fichier:Haard w.jpg
Zréck op d'Säit "Naturschutzgebitt Haard".