Diskussioun:Mariette Lentz

"si gëtt Gesangsunterrecht am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck." : War hei net emol d'Fro opkomm, ob all Professer, all Paschtouer an all Kantonnier hei sollt erfaasst ginn? --Cornischong 19:13, 1 Februar 2007 (UTC)


Gudden Owend,
Wou ass de Problem Les Meloures 19:19, 1 Februar 2007 (UTC)
Zur Informatioun d'Äntwert deemols.

Dat ass eng quokeleg Fro. Mer hunn Artikelen iwwer Leit, déi een oder e puer Bicher geschriwwen hunn, a vu Beruff Professer (Studienrat) sinn, iwwer anerer, déi an hirer Fräizäit molen, an eng Ausstellung an hirem Heemechtsduref haten, Leit, déi Buergermeeschter vun Iergendwou waren an eng Wal iwwerlieft hunn, Leit, déi an der Chamber an der drëtter Rei eng Legislaturperiod iwwerschlof hunn, Leit, déi zwee Joer op der Bullisakademie mat Plastillin geschafft hunn, an duerno aus dräi Bounestaangen an engem Gaardestull eng "Skulptur" geschafen hunn an hei am Land weltberühmt goufen; Leit, déi dräimol an e Saxophon geblosen hunn an deeër nach. Mer hunn e puer Artikelen iwwer Fouballclibb; dee leschten Artikel iwwer e Foussballclub geet net iwwer een, deen an der Nationaldivisioun spillt, mee den Artikel ass "mat Léift gemaach". Kommt mer verleeën dës Diskussioun vläicht besser op de Stamminet, do kritt se méi e grousse Forum. --Cornischong 17:19, 23 November 2006 (UTC)

Zréck op d'Säit "Mariette Lentz".