Wéi ass et eigentlech mat der Versioun op "-en" (also: Méinden, etc)? Ass déi kompletth falsch oder kann een déi och benotzen? Myriam 13:28, 13 Januar 2006 (UTC)

"komplett falsch" - "kann een dat benotzer": Wann e Vollek sech net wëll u gewësse Regelen halen (déi awer mussen "Kapp a Schwanz" hunn!), da geet et deene wéi et de Lëtzebuerger laang gaangen ass oder de Preisen elo geet: "Kee Gott a kee Gebott" (do hu mer nach eent fir an d'Sammlung "Reim oder freck"). An der däitscher Wikipedia zerrappen se sech elo iwwer d'Schreifweis, deen Ee leeft mam Wahrig feel, deen Anere mam Duden an deen Drëtten huet eng eegen, déi hie vu senger Bomi héieren huet. Hei am Land verzichten d' "Autoritéiten" zënter enger Zäitchen drop, fir d'Kanner eppes op Lëtzebuergesch "schreiwen" ze loossen. Schreif emol enger Administratioun op Lëtzebeurgesch, déi muss der dann op Lëtezbergesch äntweren ...... ("wa méiglech" .....steet an deem Text). Wann s de hei kucks wat fir e Flouzirkus sech mam Mokuch installéiert huet, weess de wat gemengt ass. "egaal waat" heescht et an de Saft- an Totzforumen an de moderne Beichtstill um Spaweck. Ite missa est. --Cornischong 19:06, 13 Januar 2006 (UTC)

Hallo Ding Dong! Soen ech dozou. Weess net wat dech sou opbruecht huet. Mee dat alles äntwert mer net op méng Fro Myriam 00:47, 14 Januar 2006 (UTC)

D'Varianten op -en sinn historesch virun allem am SÜdweste vum Land beluet (Kuckt de Lëtzebuerger Sproochatlas, Koart Nr 116 "Freitag"). Se si net méi "richteg" oder "falsch" wéi déi op -eg; déi leschtgeannt sinn awer wuel méi geleefeg. Wa mer eis drun hale wëllen, "Standard"lëtzebuergesch ze schreiwen (oder op d'manst, wat mer derfir halen), da wir d' "-eg"-Variant virzezéien. Am Text vum Artikel giff ech awer schon d'"-en"-Variant a Klameren derbäisëtzen. --Zinneke 00:53, 14 Januar 2006 (UTC) Dat nennt een diplomatesch. OK dann haleen ech mech drun. Merci ZinnekeMyriam 00:56, 14 Januar 2006 (UTC)

Also éierlech, ech sinn aus der Stad ann ech gebrauchen déi 2 (jee no Laun). Ann éierlech gesot: wat notzt dat wann een d'"en"-Variant derbäi setzt? Soll een da net direkt e "Redirect" maachen? Myriam 01:52, 14 Januar 2006 (UTC)

Also, well ech jo och aus der Stad kommen an dann natierlech och di zwee gebrauchen jee no Laun .. :-) wier ech och fir en Redirekt ... --Alexandra 10:22, 14 Januar 2006 (UTC)

Zréck op d'Säit "Méindeg".