Diskussioun:Lëtzebuerger Journal

Letzter Kommentar: viru(n) 16 Joer von 81.243.162.87 in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

"Den éischten haaptberuflechen Direkter a Chefredakter vum Lëtzebuerger Journal war den Henri Koch-Kent, dee virdrun beim L'Echo de la Bourse zu Bréissel war. Hie gouf 1959 recrutéiert an huet d'Zeitung 1964, wéi se aus finanzielle Grënn e Mount laang net raus komme konnt, verlooss. Dat selwecht Joer gouf de Jos Anen, deen zënter dem Ufank an der Redaktioun vum Journal war, säi Successeur. Hie sollt 22 Joer op deem Poste bleiwen. 1986 gouf de Rob Roemen Chefredakter. Zënter 2005 huet de Claude Karger déi Funktioun" : - Haut, den 13. Februar 2008 sinn am Journal e puer Säiten iwwer "60 Jahre Lëtzebuerger Journal - ein historischer Abriss". Déi ernimmen de Kochen Heng als Direkter an als Gerant, mee e Chefredakter mat deem Numm ass hinnen net bekannt. A virum Anen kennen déi nach de Camille Linden, deen , nom Journal, vun 1956 bis 1962 Chefredakter war. --Cornischong 19:55, 13. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Och de Journal léiert bäi: d'Source fir déi Informatiounen war en Artikel vum Rob Roemen am Supplément dee beim 50-jähregen Anniversaire vum Journal virun 10 Joer publiéiert gouf. De Camille Linden gëtt vum Roemen a sengem Buch "Aus Liebe zur Freiheit" (S.244) als "politischer Leitartikler" beschriwwen. Hburns

A wa mer op e Buch higewise ginn, firwat kréie mer dann net d'Säit ernimmt? Mer kommen net gutt ewech vum System "Léiwer gleewen ewéi kucke goen". --Cornischong 00:02, 14. Feb. 2008 (UTC)Äntweren
Du bass dach bestëmmt e grousse Jong: da fënns de dat vum selwen. Do steet iwweregens och datt de Linden ni fest beim Journal geschafft huet. Sou ganz kloer war de Journal déi Zäit wuel net strukturéiert. An an de leschte Joerzingten sinn et d'Gérant-Direkteren déi dat just niewelaanscht maachen. -- Hburns
Déi Leit, déi "Du bass dach bestëmmt e grousse Jong: da fënns de dat vum selwen" liesen, kënne sech mat esou Sätz e Begrëff maachen, fir wie se hei gehale ginn. Et ass vläicht net jidderengem senges, fir Topert gehalen ze ginn. Mee léierräich war et schonns. --Cornischong 09:50, 14. Feb. 2008 (UTC)Äntweren


Der Däiwel am Détail
Ech sinn och der Meenung datt d'Säit onbedéngt misst derbäistoen, wa méiglech och nach de Paragraph, fir datt jiddereen deen dat Buch net huet, a sech et och ni kafe wëllt, wéinstens wees wou e misst sichen wann en et eventuell eng Kéier an de Grapp géif kréien z.B. an enger Bibliothéik, wou ee sech net kann Zäit huelen fir dat ganzt Buch ze liesen fir erauszefanne op waterenger Säit e kucke muss.
Een deen d'Buch huet brauch dat jo am Prinzip net gewuer ze ginn well deen huet sech et jo kaaft fir et ze liesen, a brauch dann net méi op d'Wikipedia kucken ze komme wou wat steet. 81.243.162.87 10:54, 14. Feb. 2008 (UTC)Äntweren
Dir hutt selbstverständlech all Recht. Just datt d'Fro no Quellenugab sech am Artikel stellt, net an der Diskussioun, zumols wann parallel den Artikel ugepasst gouf. An dësem spezielle Fall hunn ech déi Informatioun jo nët mol an den Artikel gesat. De Journal resp. seng Représentanten widderspriechen sech jo selwer zu deem Thema. Allgemeng stellen ech an deem Feld empiresch fest, datt d'lëtzebuerger Wikipedia nëmmen allerseltenst Quellen ugëtt. A wat den Toun ugeet, Cornichong, wann ech deng Commentaire sou liesen sinn ech nët sécher op déi ugesprache Leit sech ëmmer esou geschmäichelt fillen... - Hburns (PS: Wéi ass scho méi de Code fir hei ze "ënnerschreiwen"? Thanx)

ganz wichteg ass och unzemierken dass Skandalnudel vum Letzebuerger Journalismus bei dessem Blaad geschafft huet. dat schengen leit vum journal wuel ze vertuschen, well am artikel steet neicht doriwer. La presse au Luxembourg est un seul grand desastre!(opgepasst dass ech hei den Jean Nicolas matabezeien an net wei hien just geint en deel vun der presse hetzen. desweideren well ech preziseiren dass de jean nicolas goldmedaille gewennt vum desastre, bei deem wesch deen en do all woch ennert leit brengt) Wei kennt et zu där Inkonsistenz, dass de Jean Nicolas an sengem Artikel als Chefredakter vum Journal obdaucht, hei awer net? Wou kënnt déi Informatioun hier? Abschnitt dragesat vun der IP: 138.202.47.212 den 10. September 2011

Thorben, Pianocktail.luLink op den Artikel op Pianocktail.lu

Eraus geheit hun se den Jean Nicolas bei dem Journal. [Source?]

Zréck op d'Säit "Lëtzebuerger Journal".