Diskussioun:Lëscht vun Nationalhymnen

Eng oder déi aner Fro änneren

Ech huelen emol un den Text gëtt nach iwwersaat, soss stellen ech mer Froen wisou mir hei en däitschen Text stoen hun :-)

--Briséis 01:36, 8 Oct 2004 (UTC)

Titel oder éischt Zeil änneren

Bis elo hunn ech geduecht, mer géife just den Titel iwwersetzen, an net déi ganz éischt Zeil vun der Hymn. Oder ieren ech mech do? --Otets 09:23, 25 Mee 2005 (UTC)

Wann ech mer zum Beispill Bolivien oder Dänemark ukucken, da géif ech dat net mengen. (An dobäi waren nach artlech Iwwersetzungen);-) Munnecher hunn iwwerhaapt keen Titel (wéi Japan, Dänemark, Kolumbien, Bulgarien, Norwegen, Chile ..). Beim der Hymn vun Italien gëtt souwisou den Ufank vum Text genannt. Dozou kënnt, wann een dat genau wëll huelen, da kann et nach "heiter" ginn, well dat Thema ass nach vill méi quokeleg wéi d'Nimm vun de Länner, zielt mer mäi Bichi iwwer d'Nationalhymnen. --Cornischong 10:41, 25 Mee 2005 (UTC)

Da soen ech do léiwer näicht méi, well un der Lëscht ass och esou nach genuch ze iwwersetzen. Ech hat mech just gewonnert, firwat z.B. "Quasaman" op Lëtzebuergesch heescht "Ech schwiere bei den déidleche Geforen, bei dem renge Blutt ouni Sënnen". --Otets 11:00, 25 Mee 2005 (UTC)

Wann een esou en Text ("Ech schwiere bei den déidleche Geforen, bei dem renge Blutt ouni Sënnen ..") begéint, da kann een en dach net einfach NET iwwersetzen :-)) --Cornischong 11:06, 25 Mee 2005 (UTC)

Zréck op d'Säit "Lëscht vun Nationalhymnen".