Diskussioun:Kapweiler

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Jwh in Abschnitt Kapwëller

Kapwëller änneren

Moien, no der Lëscht "LIEUX-HABITES du Grand-Duché de Luxembourg (Ym - Xm )" wier Kapwëller den "nom luxembourgeois". Um geoportail: "Kapweiler (Kapwëller)". D'Iwwersetzung bei luxdico.lu: idem --Jwh (Diskussioun) 07:50, 18. Abr. 2013 (UTC)Äntweren

Flott, just de Problem beim Kadaster ass nach ëmmer seng Schreifweis. Et misst Kapweller sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:09, 18. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
Ah bon, den Institut grand-ducal dann och. Bei Google's nëmme mat Treema. --Jwh (Diskussioun) 10:44, 18. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
Den Institut seet och Ueschdref contra Uerschdref bei ons, a Misäershaff géint Misärshaff bei ons. Et geet eben net duer datt eng Verwaltung oder en online-Dictionnaire eng Missioun kritt, e muss se och sou séier an sou korrekt wéi méiglech ausféieren. Leider sinn do néierens Datumslimite gesat. Fir dat alles auzegläiche kënne mir am Ufank just mat Redirekte schaffen an eventuell an den Notten a Referenzen op déi verschidde Schreifweisen hiweisen. Et feelt eben e preziist Gesetz iwwer d'Uertschaftsnimm op Lëtzebuergesch.--Les Meloures (Diskussioun) 12:04, 18. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
Ech gesinn, also net einfach an dach komplizéiert. Do duerf ech da just hoffen, datt déi Leit optmannst eng uerdentlech Pai kréien. --Jwh (Diskussioun) 12:50, 18. Abr. 2013 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Kapweiler".