Diskussioun:Institut grand-ducal

Deen Artikel, op deen d'Fliedermaus opmierksam gemeet huet, ass aus enger Serie iwwer méi oder manner bekannte Bibliothéiken/Archiver zu Lëtzebuerg. Vläit eng Iddi fir deen een oder aneren, sech dorunner z'inspiréieren (wort.lu>thematesch dossieren>bibliotheken)? --Zinneke 18:17, 29 Januar 2007 (UTC)

Classement änneren

De Classement vum Institut grand-ducal , deen een offiziellt repräsentativ Organ ass, ënner Organismen a Veräiner, gefällt mir nët richteg. D'Membere ginn gewielt a an d'Memberschaft erfollecht net, wéi bei Veträiner, op fräiwëlleger Basis. Den Institut grand-ducal ass nom Modell vum Institut de France geschaf ginn. An et wär logesch, dat mir, wéi bei de Fransousen, eng eegen Ënnerkategorie:Institut grand-ducal, géifen opmachen. Et wier dann, wéi an der franséischer Wikipedia, eng Ënnerkategorie vun der Kategorie:Lëtzebuergesch Institutiounen. Dat ass jiddefalls meng Meenung. ernmuhl 08:54, 29 September 2007 (UTC)

Zréck op d'Säit "Institut grand-ducal".