Diskussioun:Hôpitaux Robert-Schuman

Letzter Kommentar: viru(n) 4 Joer von Bdx in Abschnitt Numm

Numm änneren

Mëtteg,

Den offiziellen Numm ass iwwerall Hôpitaux Robert Schuman (ouni Stréch). De Cayambe huet d'Säit elo op Hôpitaux Robert-Schuman (mat Stréch) geréckelt. Gëtt et eng Reegelung op Wikipedia, déi seet, datt net den offiziellen Numm soll benotzt ginn, och wann déi franséisch Orthographie eventuell eppes aneres seet? Aner Lemmata gi jo och net "verbessert", z.b. D'Unio'n, We' meng Mamm nach huet gesponnen --Bdx (Diskussioun) 14:22, 17. Jul. 2019 (UTC)Äntweren

Mëtteg och,
Mir applizéieren am Allgemengen bei offizielle Bezechnungen op franséisch, déi franséisch Orthographie, wéi bei Nimm vu Plazen, Gebaier, Stroossen, Organisatiounen, Schoulen etc.
Déi aner Beispiller déi s de opgezielt hues, falen net ënner offiziell Bezeechnungen. Dat sinn Eegennimm, oder Titelen op Lëtzebuergesch a solle sou erëmgi ginn wéi dat hirer original Schreifweis entsprécht an/oder wéi den Auteur säi Wierk genannt huet. --Les Meloures (Diskussioun) 14:40, 17. Jul. 2019 (UTC)Äntweren
Mëtteg och, déi Diskussioun hu mir schon e puermol hei gefouert. D'Reegel déi an dësem Fall applizéiert gëtt, ass déi vun der Orthographie vun den noms propres, cf. z.B. de Petit Robert des noms propres, oder och d'Académie française:
1) nëmmen dat éischt Wuert kritt e groussen Ufangsbuschtaf, z.B. Musée national d'histoire et d'art,
2) wann e Virnumm an en Familljennumm am Numm sinn, da mat engem Bindestréch, z.B. Lycée Robert-Schuman,:-), Lycée Michel-Rodange, asw. Dat och wann eis Ministèren oft - awer net ëmmer - dës Reegel net respektéieren.
De Prinzip ass deen heiten: den Numm vun enger Schoul, engem Spidol, asw, gëtt vun dem Ministère oder der Organisatioun festgeluecht. D'Schreifweis awer gëtt duerch d'Reegele vun der Schreifweis festgeluecht.
Kuck och emol w.e.g. op der franséischer WP: do gëtt déi korreckt Schreifweis vun den Nimm vun Instituter, Schoulen, asw, (bal ëmmer) applizéiert; an dann och hei: Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg. Beschte Gréiss, Cayambe
Super, Merci fir d'Erklärung! Hunn u sech kee Problem domat, mee steet dat och iergendwou fest? Iergendeng Säit op der Communautéitssäit oder soss anzwousch? Well soss ass et ëmmer e bësse dubios an jiddwereen ka behaapte, wat e wëll. Wann ee mir seet, wou dat kann agebaut ginn schreiwen ech och gär eng kuerz Zesummefaassung vun där Reegel/Erklärung :) Dee Paragraph kéint dann um Staminee approuvéiert ginn. Da kann een an Zukunft och dohi referéieren.--Bdx (Diskussioun) 15:17, 17. Jul. 2019 (UTC)Äntweren


Ass eng gutt Iddi. Mir missten dat eigentlech scho méi laang gemaach hunn. D'Erklärung kéint ganz gutt zum Schluss op dëser Säit stoen. Da stéing et mol wéinsten iergendwou. --Les Meloures (Diskussioun) 15:32, 17. Jul. 2019 (UTC)Äntweren

Super, ech hunn hei emol eng éischt Propose gemaach, déi ugepasst ka ginn: Wikipedia:De Staminee#Eis Schreifweis: Nei Sektioun fir Eegennimm--Bdx (Diskussioun) 12:26, 18. Jul. 2019 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Hôpitaux Robert-Schuman".