Diskussioun:Frinn Zürn

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Fliedermaus in Abschnitt President vum Sportfëscherverband

President vum Sportfëscherverband änneren

Am Artikel stung datt de Frinn Zürn vun vun 1964 bis 1989 President vum Sportfëscherverband war. Esou steet dat och am Luxemburger Lexikon.

Am Flambeau stinn awer déi genee Datumen dran: vum 6. Mäerz 1966 bis den 18. Februar 1990. Dat wieren awer eppes manner wéi 24 Joer gewiecht.

Ech hunn d'Verbesserung am Artikel op Basis vum Flambeau-Artikel gemaach.

  • "1964 bis 1989 Präs. des Sportfischerverbandes" (Quell: Luxemburger Lexikon, 2006, S. 478)
  • "Ab dem 6. März 1966 übernahm Frinn Zürn die Geschicke des Sportfischerverbandes. Der Land bekannte Politiker zeichnete sich durch seine Unnachgiebigkeit und seine Voraussicht aus, wenn es um die Belange der Sportfischerei ging. Das erlaubte ihm während seiner 25-jährigen Präsidentschaft den Verband in ruhige Fahrwasser zu bringen. Beim Kongress am 18. Februar 1990 verabschiedete sich Frinn Zürn. Seine Nachfolge übernahm Gusty Graas." (Quell: Flambeau 65, S. 45)

--Fliedermaus 08:46, 2. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Déi falsch Date sti bei Fayot et al. 1997, S. 165. Do steet och, de Frinn Zurn wier vun 1949 bis 1964 President vun der Motor-Union gewiescht, wat net mat den Donnéeën aus dem Flambeau No 62 iwwerenee stëmmt (1955-1967). 't ass näischt einfach! --Jamcelsus 15:31, 2. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Bon, da kann een nëmmen hoffen datt am Flambeau déi richteg Date stinn.--Fliedermaus 15:37, 2. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Frinn Zürn".