Diskussioun:Famill de Lannoy-Clervaux

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Les Meloures

Moien,

no sengem Doud ass déi ganz Ierfschaft laut Testament u seng Fra, d'Aldegonde de Tornaco, gaangen.

An der Geschicht vum Schlass vun Neuville gëtt déi Fra Marie-Amélie de Tornaco genannt.

Kann et sinn datt eng vun onse Quellen e Bobo huet. --Les Meloures (Diskussioun) 16:35, 7. Mee 2012 (UTC)Äntweren

Déi vu mir zitéiert Quelle schreiwen: “Aldegonde”. Beim Hudemann-Simon 1985, S. 486 steet: A.-U.-F., baronne de Tornaco. "A." fir “Aldegonde“, “U.” fir "Ursula” , “F.” fir ?. Op dem Site “angelfire.com”, vun deem ech net weess, wéi seriös en ass, liest een: Adrien Marie Louis Constane Charles (7 Jul 1783-19 Nov 1854); m[arried].16 Aug 1826 Aldegonde Ursula Baronne de Tornaco (20 Apr 1803-8 May 1856) [1]. — Eng Publikatioun, déi de Koltz (1975) zitéiert, déi ech awer net hunn, kéint eventuell an dëser Affaire hëllefen: Joseph Massarette: La famille de Tornaco, l'affaire de Clervaux. Cahiers luxembourgeois 1947, pp. 111-112. --Jamcelsus (Diskussioun) 17:51, 7. Mee 2012 (UTC)Äntweren


Remoien ech hunn dat heite fonnt:
  • Les Lannoy s’y fixèrent jusqu’en 1854 lorsque le comte Adrien donna le bien à son épouse Marie-Amélie, baronne de Tornaco, au grand dam de ses neveux. Neuville
  • Au XIXème siècle, le comte Adrien de LANNOY, dernier de sa lignée, et son épouse, Baronne de TORNACO, en sont les seigneurs. En 1854, le comte meurt sans postérité. Tous ses biens reviennent à son épouse, Marie-Amélie de TORNACO. Geschicht vum Schlass vun Neuville
  • Sa naissance lui permit de réclamer le lot, d’autant plus que son fils Adrien épousa Amélie de Tornaco, fille du baron Charles (1763-1837) Geschicht vum Schlass vun Assenois
  • Il fut le dernier seigneur de Bolland ..... échurent à son frère le comte Adrien de Lannoy marié en 1826 à Amélie de Tornaco, Geschicht vum Schlass vu Bolland

Am leschte Fall schengt d'Geschichtsschreiwung net mat der Genealogie iwwereeen ze stëmmen. Der Amelie hir Sëschter Mathilde hätt hir d'Ierfschaft vu Bolland streideg gemach. Awer an der Genealogie huet d'Mathilde awer jüst de Brudder Victor an eng Sëschter déi Sidonie heescht. Et schéngt net sou einfach ze sinn.

Da gëtt nach e puer de Tornacoen déi zu Stengefort oder Sterpenech op d'Welt koumen wou een och ka laang no den Eltere sichen. -- Les Meloures (Diskussioun) 21:54, 7. Mee 2012 (UTC)Äntweren

D'Fra heescht : Aldegonde Ursule Florence Marie Amélie de Tornaco (Poswick 1904, S. 24) a gouf “Amélie” (net “Marie-Amélie”) genannt, wéi dat aus de Prozess-Dokumenter ervirgeet cf. (Résumé des faits et moyens, etc., 1856). Ech verbesseren dat am Artikel. --Jamcelsus (Diskussioun) 16:49, 9. Mee 2012 (UTC)Äntweren
Merci fir d'Nosich. Ech passen d'Säit de Tornaco och un. --Les Meloures (Diskussioun) 17:15, 9. Mee 2012 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Famill de Lannoy-Clervaux".