Diskussioun:Eisebunnsstreck Ëlwen-Wilwerdang-belsch Grenz

Letzter Kommentar: viru(n) 16 Joer von Les Meloures in Abschnitt Nëmmen nach Behaaptungen?

Untitled änneren

Ass do nët och een Deel op Beesleck gaang? Les Meloures 15:37, 31 Oktober 2006 (UTC)

Iwwer Beeslek féiert d'Streck Ëlwen-Gouvy. --Tomateus 08:15, 27. Nov. 2007 (UTC)Äntweren


Lo wou dësen Artikel vun Eisebunnsstreck Ëlwen - belsch Grenz op Eisebunnsstreck Ëlwen - Sankt Vith ëmbenannt ginn ass, stëmmt d'Längt vun der Streck vu 6,94 km net méi. Wees een d'Längt vun der ganzer Streck? --Tomateus 08:00, 27. Nov. 2007 (UTC)Äntweren

Am Detail änneren

  • St-Vith: p.k 88,9
  • Lommersweiler: p.k 95,1
  • Reuland: p.k 99,9
  • Oudler : p.k 104,9
  • Lengeler: p.k. 108,4
  • B-L Grenz pk. 111,4

Les Meloures 10:30, 27. Nov. 2007 (UTC)Äntweren

Am Total änneren

Dat mécht am Total, wann ech richteg gerechent hunn, 29,44 km --Pecalux 11:24, 27. Nov. 2007 (UTC)Äntweren

Den Artikel ass hei änneren

Wou den Artikel ass wees ech och. Awer hei gouf eng Fro gestallt an hei gouf drop geäntwert. Les Meloures 12:06, 27. Nov. 2007 (UTC)Äntweren


Dann nach eng Fro:

Am Artikel steet si wir zu Lommersweiler vun der Vennbunn forgaangen.

Am de: Artikel Vennbahn gehéiert se zu der Vennbunn.


Zweet Fro:

Wann déi heite Streck Ëlwen-Sankt Vith heescht, wéi maache mer et mat Kautebaach - Wolz, déi jo och bis op Baaschtnech-Süd gaangen ass. Maache mer do e sonneren Artikel Wolz - Baaschtnech. ?


Dës Streck ass net zu Lommersweiler vun der Vennbunn ogaangen. Dës Streck war een Deel vun der Vennbunn an hat bei der SNCB vu Sankt Vith bis op Lengeler Linnennummer 47. Vu Lommersweiler ass d'Linn 46 op d'däitsch Grenz op Steinebrück gaangen. Les Meloures 08:57, 13. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Nëmmen nach Behaaptungen? änneren

"Dës Streck ass net zu" ..... "Dës Streck war ....": - Mär hunn hei eng "geféierlech" Manéier, mat "Fakten" ëmzegoen. Deen ee schreift eppes an en Artikel an deen aneren schreift, dat wier guer net wouer. Dat ass alles flott, mee "esou" komme mer, fäerten ech ganz, net weider. Et gëtt sou lues ustrengend hei, déi Zäit, déi ee kéint dozou gebrauchen, fir mol en Artikel ze schreiwen, leeft een deem engem hannendrun, deen amgaangen ass Fotoen a Këschtercher ze verpaken, deem aneren, dee kolossal Interessantes ze verbreeden huet (iwwer d'Madame Mayrisch) mol ze soen, et wier net schlecht, mol Quellen unzeginn, an nach engem, dee chronesch alles fir sech hëlt, mol z'erklären, datt et ausser him nach Leit op der Wiki ginn. --Cornischong 10:42, 13. Feb. 2008 (UTC)Äntweren


Wann een net kann dermatt liewen da gëtt vu Behaptunge geschwaat änneren

Ma d'Fakte stinn dach hei uewendriwwer. D'Streck huet vu St. Vith un déi selwecht Linnennummer bis op Lengeler. Also zweigt se tëscht St. Vith a Lengeler net vun enger anerer of, soss hätt se hir Linnennummer eréischt vu Lommersweiler un.

Et ass d'Linn 46 déi zu Lommersweiler ofzweigt an dann op Prüm an op Gerolstein féiert oder villméi gefouert huet an déi huet an Däitschland Westeifelbahn geheescht.

Les Meloures 11:09, 13. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Eisebunnsstreck Ëlwen-Wilwerdang-belsch Grenz".