<< Clovis I. vu Frankräich >>. Dësen Intitulé wërft mol direkt zwou Froen op:

Untitled änneren

1° Wie geht schonn ënner << Clovis >> kucken, vu que d'Lëtzebuerger an der Schoul nëmme vun engem << Chlodwig >> héieren hunn? Mir soen a schreiwen och net << Charlemagne >>, mee << Karel de Groussen >>. Den Intitulé misst deemno << Chlodwig I. >> heeschen, a << Clovis >> misst a Klammeren hannendru stoen.

2° De Chlodwig war am Ufank Kinnek vun enger relativ klenger Zuel vu Franken an der Géigend vun Tournai, an hien huet et fäerdegbruecht, all d'Franken ze vereenegen ier en duerno säi Muechtberäich op Käschte vum Syagrius, vun den Alamannen a vun de Westgoten ausgedeent huet. Hie war Kinnek << vun de Franken >>, a sécher net Kinnek << vu Frankräich >>. Frankräich entsteht vill méi spéit, no der Karolenger, deemno réischt ëm 987, wéi den Hugues Capet Kinnek gët an eng Ierfmonarchie am fréiere Westfrankeräich ariicht.

De ganzen Intitulé misst richteg << Chlodwig I., Kinnek vun de Franken >> heeschen. En dierf natierlech och, iwwer e "redirect", ënner << Clovis I. >> erreecht ginn.

Lo zéien ech mech awer zréck, well den übleche Verschlechtbesserer wëll mech sécher nees fir meng "Topereien", resp. fir mäi "Vandalismus" spären... - C.

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Zréck op d'Säit "Clovis I.".