Diskussioun:Claude Lenners

Ech giff deen Artikkel hei jo nawell gären iwwerschaffen, mee ech weess net, wéi daat geet. Carmen Patricia Heyar.

Dat ass eng luewenswert Iddi an et ass och net sou komplizéiert wéi et schéngt: Klick einfach uewen iwwert dem Titel Claude Lenners op de Reider "Änneren" an da kanns de lassleeën. Du brauchs net ze fäerten, et sinn der hannendrunn déi op dech oppassen an d'Feeler déi's de méchs, verbesseren. Du kanns deng éischt Versich och an der Sandkaul probéieren, do kanns de näischt verbriechen. Kuck der awer fir d'éischt emol d'Hëllefssäit un, do fënns de intressant Tuyauen. Et wier och net schlecht wanns de dech géngs ënnert engem Pseudonym aloggen. Wann's de nach Froen hues, da kanns de se op der Säit Ech hunn eng Fro stellen. --Pecalux 10:02, 30 Abrëll 2007 (UTC)

" Seng Wierker goufe vun der Suzanne Harf (Mezzo-Sopran) a vum Madrigal de Luxembourg, ënner der Leedung vum Carlo Hommel gesongen." - Alleguer?? --Cornischong 17:49, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Zréck op d'Säit "Claude Lenners".