Diskussioun:Bunker Hondsbësch

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Pecalux

Moien,

Goufen et zwéin Agänk fir an déi Minière. Bei der zweeter Foto steet Agank fir an de Bunker Hondsbësch, woubäi et mer virkënnt wéi wann op der éischter Foto d'Entrée déi hannert dem Monument ze gesinn ass anescht ausgsäit.

Et wier och flott wa bei Biller déi net sou einfrach ze lokaliséiere sinn am Fotosfichier Koordinate géife stoen.

--Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 12. Jan. 2013 (UTC)Äntweren

Op et e puer Agäng gouf fir an d'Minière Hondsbësch weess ech net. Awer eppes weess ech ganz bestëmmt: Deen Agank, deen op der Foto hannert dem Monument ze gesinn ass, déngt nëmmen zur Dekoratioun vum Monument, wat op enger Plaz, déi gutt accessibel ass, no bei der Strooss opgeriicht gouf. Et ass also eng Nobildung vun engem Minièresagank. De richtegen Agank op der anerer Foto läit e puer honnert Meter méi wäit mattsen am Bësch an ass nëmmen iwwert e Bëschpad z'erreechen. --Pecalux (Diskussioun) 16:18, 12. Jan. 2013 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Bunker Hondsbësch".