Diskussioun:Bourgogne

Letzter Kommentar: virun 1 Joer von 2A02:A03F:A199:6C00:68BE:BE24:E77D:FE7C in Abschnitt Burgund - net just eng fréier geographesch-administrativ Géigend.

Burgund - net just eng fréier geographesch-administrativ Géigend. änneren

Wou kënnt den Numm "Burgund" hier? Wéi koum et zu enger Entitéit "Burgund" (Kinnekräich, Herzogtum, administrativ Regioun...)? Zanter wéini gehéiert d'Bourgogne zu Frankräich? Asw., asf.

Eng Enzyklopedie verlaangt méi wéi relativ onnëtz oder iwwerflächlech Informatiounen, déi quasi jidderee kennt.

Kuraasch! Gréiss, V.B. 2A01:CB10:8044:A000:69DE:65F7:C8F7:76F0 08:25, 6. Mäe. 2023 (UTC)Äntweren

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--2A02:A03F:A199:6C00:6487:AF6C:FA9A:FFE6 08:29, 6. Mäe. 2023 (UTC)Äntweren

Ee gudde Frënd vu mir hat virun e puer Joer probéiert, ee sérieusen Artikel iwwer d'Bretagne als Herzogtum asw. ze schreiwen (vgl. d'Versiounsgeschicht!). En ass awer zréckgepaff ginn, a seng ganz Aarbecht ass kalbliddeg geläscht ginn.Lo ass a bleift d'Bretagne just eng administrativ Géigend. Super!
Dofir maachen ech näischt iwwer d'Bourgogne, soulaang verschidde Leit eleng iwwer alles an der angeblech fräier Enzyklopedie décidéieren dierfen. Zesummenaarbecht gesäit nämlech anescht aus.
Gréiss, V.B. 2A01:CB10:8044:A000:C4AF:4F2:E46E:8AAB 08:41, 7. Mäe. 2023 (UTC)Äntweren


Du hues et vestanen. Einfach den aneren e Schwaarze Péiter zouschubbsen fir näischt brauchen ze maachen. Ech froe mech firwat datt s de dann nach diskutéiere kënns. Maach einfach näischt a looss déi aner Leit mat Rou. --2A02:A03F:A199:6C00:68BE:BE24:E77D:FE7C 11:44, 7. Mäe. 2023 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Bourgogne".