Untitled änneren

Mat allem Respekt fir déi al Réimer: "Buonavista" ass vläit en italieenesche Social Club, awer kee Latäin.

"Vista" (Vue) a "Via" (Wee, Strooss) sinn och zwee puer Schung. E bësse méi Prezisioun (och beim Tippen) wier net vu Muttwëll, mengt de --Zinneke 22:04, 13 Mäerz 2006 (UTC)

Do ginn ech der Recht, mat Vista huet dat näischt, ze dinn, mee mat "Via", wéi den Zinneke gesot huet, also "Wee, Strooss" (vgl. fr. "Bonnevoie") Myriam 11:07, 14 Mäerz 2006 (UTC)

"ass Bouneweg vun der Awunnerzuel de gréisste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg." Solle mer dat gleewen, oder kréie mer Zuelen? --Cornischong 11:21, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Wann een dem site vun der lëtzebuerger Por gleewe kann wieren et der iwwer 13.000, mee méi prezis hunn ech dat (bis elo) néierens fonnt. Et steet och net do vu wéini déi Zuele sinn :-( Myriam 12:13, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Wann op der "offizieller" Websäit vun der Stad Lëtzebuerg steet, datt d'Stad 24 Quartieren huet, dorënner "Bonnevoie-Nord/Verlorenkost" a "Bonnevoie-Sud", dan froen ech mech nach méi, wat déi Behaaptung ("de gréisste Quartier") hei mengt. --Cornischong 12:26, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Da gëtt et Zäit, fir déi Quartier-Virstellung z'änneren! --Cornischong 12:29, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Behaaptungen à gogo änneren

"Den Numm Bouneweg kënnt vun de Réimer, déi Bouneweg "Bonavia" (bona - "gutt" a via - "Wee") genannt hunn. Verschidden Historiker zweifelen ower mëttlerweil und deser Theorie an huëlen un, datt de Numm vun "bonus vicus" hir kënnt.": --Wien ass "Verschidden Historiker"?? Wann ee keng Nimm kann uginn, hätt ee villäicht besser dee Saz sinn ze loossen. --Cornischong 08:54, 24 Juni 2006 (UTC)

Zréck op d'Säit "Bouneweg".