Diskussioun:Belval Plaza

"A wéi ass et da mat der Schreifweis?" (Zitat) Ass dat elo déi nei Ëmgangssprooch vun deenen, déi all zweeten Dag e Komma réckele kommen vis-à-vis vun deenen, déi alt nach Artikele schreiwen? --Cornischong 17:15, 31 Mee 2006 (UTC)

A firwaat geet hei rieds vum Dikrecher Kinoskomplex, den as dach no de Walen op Äis geluegt ginn, well de fréiere Burgermeeschter daat esou ze soen "am Alleingang" annoncéiert haat a säi Successeur sech net op den Deal ageloos huet. --Melusina 18:41, 31 Mee 2006 (UTC)

Firwat hei Rieds geet vum Dikrecher Kinoskomplex?? Ma well deen net op Äis läit! --Cornischong 21:54, 22 Juni 2006 (UTC)
Et ass scho "komesch". Hei behaapt een eppes (an dësem Fall d'Melusina). Dorophi froen ech den Här Massard, ob dat stëmmt. Ech schreiwe seng Äntwert heihin, a schonns zitt sech d'Behaapterin zréck. E bëssi bëlleg, isn't it? --Cornischong 23:25, 16 Oktober 2007 (UTC)

Den Artikel ass schonns ee Joer al, an et ass net méi aktuell. Lo geet d'Ried vum Plaza "1" an deeës méi. Do kënnt nach e Media-Markt dran asw. --Cornischong 23:21, 16 Oktober 2007 (UTC)

Zréck op d'Säit "Belval Plaza".