Gemeng Dikrech

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Dikrech
(Virugeleet vu(n) Diekirch)

D'Gemeng Dikrech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Dikrech vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Dikrech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Diekirch
de: Diekirch
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Dikrech
Chef-lieu Dikrech
Buergermeeschter Charel Weiler (CSV)
Awunner 7.295
  1. Januar 2023
Fläch 12,42 km²
Héicht 396 m
Koordinaten 49° 52’ 05’’ N
      06° 09’ 24’’ O
LAU-Code LU0603
Websäit https://diekirch.lu

Uertschaften an der Gemeng änneren

Déi eenzeg Uertschaft vun der Gemeng Dikrech ass d'Stad Dikrech.

Zur Gemeng gehéieren awer nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geographie änneren

D'Stad ass d'Haaptuertschaft vum Kanton Dikrech a war dat och - vun 1843 bis 2015 - vu sengem Distrikt. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng op der Sauer, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.

Flëss a Baachen an der Gemeng änneren

Dikrech läit un der Sauer a bilt d'Grenz zum Éislek. Um Territoire vun Dikrech hunn e puer kleng Baachen hir Quell. Am Norde sinn dat d'Laangmuer, Méchelbaach, eng Baach déi vum Fridhaff duerch de Bamerdall leeft an zu Dikrech an d'Sauer fléisst. Op der Grenz mat der Gemeng Tandel huet d'Suessebaach eng vun hire Quellen an der Gemeng Dikrech. Am Süde sinn et d'Saasselbaach an d'Kiselbaach déi eng vun hire Quellen op Dikrecher Terrain hunn.

Geschicht änneren

Den Numm Dikrech Diecirke gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrech.

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

Burelé d'or et d'azur au lion couronné d'argent soutenu d'une tour de gueules maçonnée de sable mouvant de la pointe.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Source: STATEC

Politik änneren

De Gemengerot vun Dikrech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 13 Conseilleren zesummen (1999: 11).

D'Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 hunn zu enger Koalitioun aus CSV an DP gefouert, déi de Schäfferot dréit.[1] Bei de Gemengerotswalen 2011 an 2017 hat d'LSAP eng absolutter Majoritéit am Gemengerot.[2]

Zesummesetzung änneren

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 4 2 1 4
2005 5 1 2 5
2011 3 2 1 7
2017 4 1 1 7
2023 5 2 1 5

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[3],[4] änneren

...

  • 1728 Nicolas Wagener[5]

...

Jumelagen änneren

D'Gemeng Dikrech ass jumeléiert mat:

Bekannt Dikrecher änneren

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Dikrech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Charel Weiler wird Bürgermeister von Diekirch." wort.llu [w+], 14.06.2023.
  2. "Die künftigen Schöffenräte im Überblick." wort.lu, 12 Oktober, 2017 um 11:19.
  3. Saviez-vous que Interessantes aus der Geschicht vun Dikrech op csv.lu
  4. Bourgmestres del aville de diekirch 1835 - 1945 am Deiwelselter - Informatiounsblad vun der Gemdng Dikrech - Mäerz 2016
  5. Den Nicolas Wagener op www.deltgen.com
  6. De Jean Mathieu Laeis op www.deltgen.com
  7. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  8. Biographie vum Pierre Pemmers am Tageblatt vum 28. Juni 1922
  9. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-04-19.