Diego Maradona

argentinesche Sportler

Den Diego Armando Maradona Franco, gebuer den 30. Oktober 1960 zu Lanús, a gestuerwen de 25. November 2020 zu Tigre, an Argentinien[1], war en argentinesche Foussballspiller an -trainer.

Diego Maradona
Gebuertsnumm Diego Armando Maradona
Pseudonym Dios
Gebuer 30. Oktober 1960
Gestuerwen 25. November 2020
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Argentinien
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer, Schauspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 165 Zentimeter
Gewiicht 70 kg
Veräin/Ekipp Società Sportiva Calcio Napoli,
FC Barcelona,
Argentinesch Foussballnationalekipp

De Maradona gëlt als ee vun de beschte Spiller an der Geschicht vum Foussball.[2] Schonns am Alter vu 15 Joer huet hie sech bei debn Argentinos Juniors en Numm gemaach, ier e bei d'Boca Juniors gewiesselt ass an 1981 argentinesche Meeschter gouf. Dono ass hie fir eng Rekorzomm bei den FC Barcelona gewiesselt, wou en awer no enger Rëtsch Krankheete, Blessuren a Skandaler nees no zwee Joer fortgoung a bei den SSC Napoli ënner Kontrakt goung. Mat deem Veräin hat hie vun 1984 bis 1991 dee gréisste Succès, dorënner 1987 an 1990 déi eenzeg Gewënner vum Championnat an der Geschicht vum SSC Napoli an d'Victoire vun der UEFA-Cup 1989.

Hie war mat der argentinescher Juniorsekipp 1979 Junioreweltmeeeschter a bei der Foussball-Weltmeeschterschaft 1986 a Mexiko de Kapitän vun der argentinescher Foussballnationalekipp, mat där en dës Weltmeeschterschaft gewonnen huet. Beim Spill an der Véierelsfinall géint England huet hie kuerz noeneen mat déi bekanntst Goler iwwerhaapt geschoss: Deen éischte wou e mat der Hand nogehollef hat, de Ball an de Gol ze käppen, wat den Arbitter awer net gesinn hat, a wat vum Maradona dono la mano de Dios - "d'Hand vu Gott" genannt gouf; an deen zweeten, wou en iwwer 60 Meter no vir gedribbelt ass fir en ze schéissen.

De Maradona huet am ganze bei 4 Weltmeeschterschaftsturnéiere matgespillt (1982, 1986, 1990 an 1994) an huet an 91 Lännermatcher 34 Goler geschoss.

An den 1990er Joren ass de Maradona wéinst Drogeproblemer an Doping an d'Schlagzeile geroden, an de Foussballweltverband FIFA huet him zweemol eng Spär vu 15 Méint imposéiert. No senger aktiver Carrière huet de Maradona als Trainer geschafft, hat awer ëmmer nees gesondheetlech Problemer. Vun Oktober 2008 bis Juli 2010 war hien Nationaltrainer vu sengem Heemechtsland.

Um Spaweck änneren

Commons: Diego Maradona – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Diego Maradona ist tot." tagesschau.de, 2020-11-25.
  2. „The Best of The Best“