Diaplektescht Glas bilt sech, wann d'Gitterstruktur vun engem Kristall duerch extremen Drock a Form vu Schockwellen zerstéiert gëtt, ouni datt eng flësseg Phas duerchlaf gëtt.

Sou Schockwelle kënnen z. B. bei engem ganz grousse Meteorittenaschlag entstoen. Awer och ënnerierdesch Atombommeversich kënnen diaplektescht Glas produzéieren (kuckt och: Metamorphos (Geologie)). Dat Verhale steet am Géigesaz zum Entstoe vu gewéinlechem Glas, dat geschmolt gëtt. Als Resultat ergëtt sech och en amorphe Kierper, deen awer net duerch Schmëlzen an Erstarren entstanen ass.

Diaplektesch Glieser kënnen zum Beispill an der Ëmgéigend vu Meteorittekratere wéi dem Nördlinger Ries fonnt ginn, wou viru ronn 15 Millioune Joer en extraterrestresche Kierper ageschloe war. Si däerfen awer net mat Tektitten oder Impaktglieser verwiesselt ginn, sinn awer eng besonnesch Aart vun Impaktglieser, déi aus enger Stousswellemetamorphos ervirginn.[1] Déi aner Impaktschmëlzglieser entstinn zwar och bei groussen Aschléi, sinn awer duerch Opschmëlzen a séiert Ofkille vu Gestengsmaterial wéi gewéinlech Gestengsglieser entstanen.

Diaplektescht Glas kann z. B. aus Quaarzkristaller oder Feldspat entstoen.

Literatur änneren

  • Wolfhard Wimmenauer: Petrographie der magmatischen und metamorphen Gesteine. Enke, Stuttgart 1985, ISBN 3-432-94671-6

Referenzen änneren

  1. Roland Vinx:Gesteinsbestimmung im Gelände. München (Elesevier) 2005, S. 33