Äerzbistum Lëtzebuerg

(Virugeleet vu(n) Diözes Lëtzebuerg)
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Bistum Lëtzebuerg ass 1870 als en onofhängege Bistum gegrënnt ginn, deen direkt dem Hellege Stull ënnersteet, nodeem schonn 1840 en eegestännegt apostoulescht Vikariat[1] geschaf gouf, dat de Grenze vum Groussherzogtum Lëtzebuerg vun 1839 entsprach huet.

Kaart vu Lëtzebuerg zanter 1839 an identesch mam Bistum zanter 1870

Am Joer 1873 huet de Lëtzebuerger Staat d'Diözees Lëtzebuerg och unerkannt[2]. Eréischt zanter 1981 ass de Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public[3].

Lëtzebuerg ass vum Poopst Jean-Paul II. 1988 zu enger Äerzdiözees erhuewe ginn; den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ass zanter 2011 de Jean-Claude Hollerich.

D'Äerzbistum Lëtzebuerg ass zanter dem 17. Abrëll 2017 a sechs Dekanater an an 33 Paren opgedeelt.[4]

Iwwer dat ganzt Joer 2020 huet d'Äerzbistum 150 Joer Diözees gefeiert[5]. An 20 Wegmarken aus dem Diözesanarchiv gi kommentéiert Dokumenter verëffentlecht, déi d'Geschicht vun der Entsteeung vum Bistum tëschent 1801 an 1870 dokumentéieren[6].

Nuntie fir d'Diözees Lëtzebuerg änneren

D'Nuntiatur fir Lëtzebuerg gouf 1910 als Internuntiatur gegrënnt, dunn den 9. Mee 1969 an de Rang vun enger Nuntiatur versat. Bis haut gëtt Lëtzebuerg vum apostouleschen Nuntius aus der Belsch mat verwalt.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1840: Die territoriale Umschreibung des Apostolischen Vikariats, op cathol.lu
  2. Loi du 30 avril 1873 ayant pour objet la création d'un évêché de Luxembourg. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-06-08.
  3. Loi du 30 avril 1981 conférant la personnalité juridique à l´évêché de Luxembourg Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-06-08.
  4. Dekreet vum Äerzbëschof
  5. 150 Joer Diözes Lëtzebuerg, gelies op cathol.lu de 16.3.2020
  6. 150 Jahre Bistum – Wegmarken op cathol.lu
  7. „Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs“ von Prof. Georges Hellinghausen im Handel, gelies op cathol.lu de 16.3.2020
  8. André Grosbusch, Traditionen und Umbrüche. Die nicht so kleine Diözesangeschichte Luxemburgs., Luxemburger Wort Nr. 67 , 19.03.2020, Die Warte 45|2645, S. 6-7.