Däitsche Foussball-Bond

(Virugeleet vu(n) Deutscher Fußball-Bund)

Den Deutscher Fußball-Bund (kuerz DFB) ass de Verband vun den däitsche Foussballveräiner. E gouf am Januar 1900 zu Leipzig an Däitschland gegrënnt. Bis haut sinn an dësem Verband iwwer 26.000 Veräiner a méi wéi 6 Millioune Memberen affiliéiert an ass domat de gréisste Sportverband vun der Welt.

Den DFB gliddert sech a fënnef Regionalverbänn mat 21 Landesverbänn. Iwwer zwou Millioune Membere sinn an 170.000 Ekippen aktiv. Den DFB huet 870.000 weiblech Memberen a stellt 8600 Fraen- a Meederchersekippen. D'Maskottche vum DFB ass zanter Mäerz 2006 offiziell, eng Figur déi engem Aadler gläicht, mat schwaarze Plommen a gielem Schniewel mam Numm “Paule”.

Um Spaweck änneren