Den Derviş Eroğlu, gebuer 1938 zu Famagusta, Zypern, ass en tierkesch-zypresche Politiker.

HIen huet zu Istanbul Medezin studéiert an duerno op Zypern als Dokter geschafft. Bei den éischte Walen an Nordzypern (1976) gouf e fir d'National Eenheetspartei (Ulusal Birlik Partisi, UBP) an d'Parlament vum „Federativstaat vun Nordzypern“ wéi et deemools housch, gewielt. Wéi den Norde vun Zypern 1983 sech zum eegene Staat deklaréiert huet (der Tierkescher Republik Nordzypern), gouf den Eroğlu Premierminister a blouf dat bis op e puer kleng Ënnerbriechungen, bis Januar 2004.

Am Abrëll 2005 war hie Kandidat fr d'Amt vum President vun der Republik, blouf bei de Walen awer géint de Mehmet Ali Talat vun der Cumhuriyetçi Türk Partisi (CTP) däitlech ënnerleeën.

Bei de Presidentschaftswale vum 18. Abrëll 2010 do dergéint huet hie sech schonn am éischten TOur géint de Mehmet Ali Talat duerchgesat.[1]

Den Eroğlu ass bestuet an huet véier Kanner.

Referenzen änneren

  1. "Nationalist Eroglu gewinnt Präsidentenwahlen". Spiegel Online, 19. Abrëll 2010.