Der Kampf
fréier Lëtzebuerger Wochenzeitung
Der Kampf war eng Wochenzeitung vun der KPL, déi vun 1920 bis 1922 publizéiert gouf. D'Zeitung hat verschidden Ënnertitele wéi Wochenschrift der Kommunisten Luxemburgs bei der Nummer 1, oder méi spéit Organ der Kommunistischen Partei Luxemburgs (Sektion der 3. Internationale) bei der Nummer 8.
Typ | Wochenzeitung |
---|---|
Periodizitéit | 1 Woch |
Sprooch |
Däitsch, Franséisch |
Éischt Ausgab | 18. November 1920 |
Lescht Ausgab | Januar 1923 |
Besëtzer | KPL |
Dréckerei | Eduard Nimax |
Déi éischt Nummer koum den 18. November 1920 eraus. Als Bäilag vun der Zeitung koum, vum 3. Abrëll 1921 un, Der kommunistische Gewerkschaftler eraus.
Wéinst der schlechter finanzieller Situatioun vun der KPL gouf 1922 mat der Publikatioun vun der Zeitung opgehalen.
Literatur
änneren- Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg. (Als Pdf an 2 Sprooche fir erofzelueden) (fr)(de)