Der Gewerkschaftler. Offizielles Organ der Luxemburger freien Gewerkschaften war eng Wochenzeitung, déi vum September 1917 bis de Juli 1919 samschdes erauskoum. Si war d'Organ vun de Gewerkschafte Berg- und Hüttenarbeiter-Verband a Luxemburger Metallarbeiter-Verband, déi 1917 gegrënnt gi waren. Hir Virgängerin war Die Laterne.[1]

Der Gewerkschaftler

Den Editeur a Chefredakter war den Nicolas Schoos, gedréckt gouf se bei Bourg-Bourger op 4 Säiten am Format 41 x 28 cm. Wéi och d' Volksstimme, gouf Der Gewerkschaftler duerch de 5. Juli 1919 vun der Zeitung Der Proletarier ersat.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur.