Der Fortschritt (1893-1940)


Der Fortschritt: Luxemburger National-Zeitung (Ënnertitele waren: Organ für die Interessen des Nordens oder och Organ für die Interessen des Distriktes Diekirch) war eng Zeitung, déi zu Dikrech beim Jean-Baptiste Müller-Welter tëscht dem 01.04.1893 an dem 31.12.1940 erauskoum.[1]

Der Fortschritt

Si war an däitscher Sprooch a koum dräi Mol d'Woch eraus. Als Gratis-Bäiluecht gouf et d'Illustrierte Unterhaltungsblatt.

D'Zeitung Le Nord, déi vun 1945 bis 1963 erauskoum, huet sech als Nofollgerin vun Der Fortschritt (grad wéi och vun der Ettelbrücker Zeitung a vun Clerfer Echo) ausginn.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op a-z.lu (nogekuckt: 2024-01-10).
  2. Fiche op a-z.lu (nogekuckt: 2024-01-10).