Denis Mukwege

kongolesesche Chirurg a Laureat vum Friddensnobelpräis (2018)
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Denis Mukengere Mukwege, gebuer den 1. Mäerz 1955 zu Bukavu am Belsche Kongo ass e kongoleeseschen (DRK) Gynekolog, Mënscherechtsaktivist, Chirurg an der Panzi-Klinick, déi hie gegrënnt huet an e Laureat vum Friddensnobelpräis

Denis Mukwege
Gebuer 1. Mäerz 1955
Bukavu
Nationalitéit Demokratesch Republik Kongo
Educatioun Université libre de Bruxelles,
Universitéit vun Angers,
Universitéit vum Burundi,
Universitéit vu Kinshasa
Aktivitéit Mënscherechtler, Gynekolog, Paschtouer
Member vun American Academy of Arts and Sciences

De Mukwege gëllt weltwäit als ee vun de bedeitendsten Experte fir d'Behandlung vu Meedercher a Fraen, déi duerch Gruppevergewaltegungen oder duerch Genitalverstümmelung verletzt goufen. Seng Aarbecht konzentréiert sech net nëmmen op déi medezinesch Besoinen, mä hien engagéiert sech geneesou politesch, andeems hien d'Grausamkeeten dokumentéiert a déi verantwortlech Tätergruppen ëffentlech ernimmt. Op senger Ried virun de Vereenten Natiounen 2012 huet hien d'Weltgemeinschaft dozou opgeruff Sex als Krichswaff ze verurteelen an d'Vergewalteger wéinst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet viru Geriicht ze stellen.

Mat sengem Engagement huet hie sech net nëmmen am eegene Land Feinde gemaach, 2012 ass hien nëmme knapps engem Morduschlag entkomm.

Den 10. Dezember 2018 krut hien zu Oslo zesumme mat der Nadia Murad de Friddensnobelpräis.

Säi Liewen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Gielercher an Auszeechnungen änneren

Gielercher änneren

Auszeechnungen änneren

  • 2007: Mënscherechtspräis (prix des Droits de l'homme de la République française)  
  • 2008: Olof Palme-Präis  
  • 2008: Mënscherechtspräis vun de Vereenten Natiounen
  • 2010: Van Goedart-Präis  
  • 2011: Clinton Global Citizen Award (Präis vun der Clinton Fondatioun)  
  • 2011: Prix Jean International Rey  
  • 2011: Prix international Roi Baudouin pour le développement  
  • 2011: Prix de la paix de la ville d'Ypres  
  • 2011: Deutscher Medienpreis  
  • 2013: Grand prix de la fondation Chirac pour la prévention des conflits  
  • 2013: Right Livelihood Award (alternativen Nobelpräis) CHE 
  • 2014: Hillary Clinton Award (iwwerreecht vum Georgetown Institute for Women, Peace and Security)  
  • 2014: Inamori Prize for Ethics   
  • 2014: Primo Levi-Präis  
  • 2014: Prix Solidarité du CHU Saint-Pierre et Médecins du Monde  
  • 2014: Sachharow-Präis  
  • 2014: Medail vun der Académie royale des sciences d'outre-mer  
  • 2016: « Héros pour l'Afrique »-Präis  
  • 2016: Renfield-Präis vun der Universitéit vu Pennsylvania  
  • 2016: Four Freedoms Award  
  • 2017: Prix Grand Témoin de La France Mutualiste  
  • 2018: Friddensnobelpräis NOR 

Um Spaweck änneren

Commons: Denis Mukwege – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren