De Grupp Delhaize[1] (franséisch: Groupe Delhaize, englesch Delhaize Group) war eng belsch Entreprise, déi verschidde Supermarchéschaînen an 11 Länner op der Welt, dorënner Lëtzebuerg, bedriwwen huet.

Delhaize Grupp
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 1867
Sëtz Belsch, Molenbeek-Saint-Jean
Leedung Pierre-Olivier Beckers (President & CEO)
Mataarbechter 160.000 (2011)
Ëmsaz 21,1 Milliarden EUR (2011)
Produit Liewensmëtteleenzelhandel
Grousshandel
Homepage www.delhaizegroup.com

Si huet 2016 mat der hollännescher Entreprise Ahold fusionéiert fir d'Grupp Ahold Delhaize ze bilden.

Geschicht änneren

 
E Supermarché vun Delhaize zu Embourg an der Belsch
 
E Supermarché vu Food Lion an North Carolina an den USA

De Grupp Delhaize gouf 1867 vun de belsche Bridder Jules an Edouard Delhaize an hirem Schwoer Jules Vieujant zu Ransart bei Charleroi ënner dem Numm Etablissements Delhaize Frères Le Lion et Cie gegrënnt. Hir Butteker waren op d'Aarbechterklass ausgeriicht an hunn nom Prinzip vun der Konzentratioun an der Spezialisatioun geschafft.

1883 goufen d'Aktivitéiten op e méi grousse Site an der Rue Osseghem zu Molenbeek-Saint-Jean bei Bréissel, no bei der Gare de l'Ouest verluecht, wou och Fabrécke waren an deenen d'Liewensmëttele vun der eegener Mark Le lion produzéiert goufen. Wärend den nächsten 30 Joer huet Delhaize méi wéi 700 Filialen an der ganzer Belsch opgemaach. Wärend der éischter Weltwirtschaftskris ass 1929 d'Mark Derby mat bëllege Produkter lancéiert ginn.[2]

Nom zweete Weltkrich huet Delhaize déi meescht vu senge Fabrécken zougemaach an d'Produkter ënner senger eegener Mark vun anere Fabrikante liwwere gelooss. 1957 huet Delhaize den éischte grousse Supermarché no amerikaneschem Virbild an der Belsch opgemaach. 1962 gouf de Grupp an eng Aktiegesellschaft ëmgewandelt a gëtt zanterhier op der Bréisseler Bourse gehandelt. De Grupp Delhaize stoung op der Lëscht vum belschen Aktienindex BEL20.

Mëtt der 1970er huet de Grupp sech an déi amerikanesch Chaîne Food Town Stores erakaaft, déi zu där Zäit 22 Supermarchéen an North- a South Carolina exploitéiert hunn.

1989 huet Delhaize hiren Internetsite delhaize.be, Tom & Co (eng Supermarchéschaîne, déi op Hausdéierefudder an -accessoirë spezialisíert ass) a den Heemliwwerservice Caddy-Home lancéiert.

An den 1990er Joren huet Delhaize d'Majoritéit bei der griichescher Supermarchéschâine Alfa Beta Vassilopoulos an d'Supermarchéen Delvita an der Tschecher Republik an an der Slowakei kaaft, déi ëm 2005 awer erëm verkaaft gi sinn.[3],[4] Mat der Carte Plus gouf och déi éischt Carte de Fidélité an der grousser Distributioun an der Belsch kreéiert. 1999 hat de Grupp méi wéi 2000 Verkafsplazen an der Welt erreecht. Zanter Abrëll 2001 gëtt de Grupp Delhaize och op der New Yorker Bourse gehandelt.

2005 huet de Grupp d'Supermarchéschaîne Cash Fresh, déi iwwer 40 Supermarchéen am Nord-Oste vun der Belsch bedreift, kaaft. Vun 2003 bis 2009 gouf et och véier Delhaizesupermarchéen an Däitschland. Och an Thailand a Singapur war de Grupp aktiv, huet sech awer aus deene Länner erëm zeréckgezunn.[5]

Weltwäit war de Grupp 2011 an 11 Länner mat 3.408 Butteker aktiv, déi en Ëmsaz vun 21,1 Milliarden Euro an e Gewënn vu 475 Milliounen Euro gemaach hunn. Ronn 160.000 Leit hu fir de Grupp Delhaize geschafft. De gréisste Marché waren dobäi d'USA, wou de Grupp d'Enseignen Food Lion, Bloom, Bottom Dollar Food, Harveys, Hannaford a Sweetbay bedriwwen huet. Zesumme waren dat 1.650 Butteker a 17 Bundesstaaten op der Ostküst, déi en Ëmsaz vun 13.815 Milliounen Euro gemaach hunn (65 % vum Total vum Grupp).

De belsche Marché, zu deem och Lëtzebuerg gehéiert huet, war trotzdeem nach ëmmer wichteg fir de Grupp. Enn 2011 gouf et 821 Butteker (dovu méi wéi 30 zu Lëtzebuerg mat ëm déi 300 Employéen)[1],[6] vun deene verschidden Enseignen (Supermarchés Delhaize, AD Delhaize, City Delhaize, Proxy Delhaize, Shop'n Go, Tom&Co a Red Market), déi mat 4,8 Milliarden Euro 23 % vum Ëmsaz vum Grupp generéiert hunn. An hirem Heemechtsmarché hat Delhaize Belsch 2009 bei engem Maartundeel vu 25,7 % an ëm déi 17.000 Persoune beschäftegt.

A Südosteuropa war de Grupp mat verschiddenen Enseignë vertrueden: a Rumänien mat de Chaînë Mega Image a Shop & Go, a Griicheland mat Alfa Beta Vassilopoulos, an 2011 hat de Grupp d'Entreprise Delta Maxi mat den Enseignë Maxi, Mini Maxi, Tempo, Tempo Express a Piccadilly opkaaft, déi mat engem Ëmsaz vun 1,3 Milliarden Euro 492 Butteker an Albanien, Bosnien-Herzegowina, Bulgarien, Montenegro a Serbien bedreift.[7]

Baussent Europa an Nordamerika war Delhaize just nach an Indonesien aktiv, wou si 51 % un der Chaîne Super Indo gehalen huet (73 Supermarchéen).[5]

Am Juni 2015 ass annoncéiert ginn, datt den hollännesche Supermarchébedreiwer Ahold an den Delhaize Group géife fusionéieren.[8] Ee Joer méi spéit ass de Fusiounskontrakt ënnerschriwwe ginn.[9]

Trivia änneren

Ongeféier zur selwechter Zäit wéi de Jules an den Edouard Delhaize hir Entreprise gegrënnt hunn, huet en anere Brudder vun hinnen, de Louis Delhaize, seng eegen Distributiounsfirma, den haitege Grupp Louis Delhaize gegrënnt. Dee Grupp bedreift haut ënner anerem d'Supermarchéschaîne Cora an huet näischt mam Grupp Delhaize ze dinn.[10]

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 rtl.lu: Grupp Delhaize ënnerschreift säin éischte Kollektivvertrag (31. Mäerz 2011; gekuckt den 9. Januar 2013
  2. lalibre.be: Delhaize défie aussi les «hard discounters (20. Mee 2004: gekuckt den 8. Januar 2013)
  3. Communiqué op delhaizegroup.com: Le Groupe Delhaize vend ses magasins en Slovaquie à Rewe (18. Februar 2005: gekuckt den 8. Januar 2013)
  4. radio.cz: Delhaize quitte la République tchèque (10. November 2006: gekuckt den 8. Januar 2013)
  5. 5,0 5,1 retaildetail.be: Delhaize poursuit son expansion en Indonésie (17. Oktober 2011: gekuckt den 9. Januar 2013)
  6. paperjam.lu: Presentatioun vun Delhaize Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Januar 2013)
  7. New York Times: Company Information: Delhaize Group (gekuckt den 9. Januar 2013)
  8. lalibre.be: Officiel: les groupes Delhaize et Ahold vont fusionner (24. Juni 2015)
  9. globenewswire.com: Delhaize Group and Ahold complete merger after receiving clearance from the U.S. Federal Trade Commission (23. Juli 2016)
  10. cora.be: L'historique (gekuckt den 9. Januar 2013)