De l'Etat à la Nation. 150 Joer onofhängeg

De l'Etat à la Nation. 150 Joer onofhängeg war den Titel vun enger grousser Ausstellung iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg, déi 1989 vum 19. Abrëll bis den 1. Oktober (ursprénglech geplangt bis den 20. August)[1] an den Ausstellungshalen um Lampertsbierg organiséiert gouf.

Kontext änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Iddi, am Kader vun de Feirelechkeeten zum 150. Joresdag vun der Onofhängengjeet eng Ausstellung z'organiséieren, goung op de Jean-Jacques Kasel, den Direkterr vun der politescher a kultureller Sektioun am Ausseministère, zeréck.[2]

De 24. September 1987 huet de Regierungsrot decidéiert, e Comité op d'Been ze stelle fir d'Feierlechkeete vun der Honnertfofzegjoerfeier vun der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg z'organiséieren. Bannent dësem Comité gouf den 9. Oktober e Souscomité gegrënnt, dee sech ëm d'Organisatioun vun enger historescher Ausstellung "vum Staat zu enger Natioun" këmmere soll.

Konzept änneren

De Sous-comité fir eng Ausstellung op d'Been ze setze gouf vum Gilbert Trausch presidéiert. Aner Membere waren de Christian Calmes, de Jules Christophory, de Gaston Gengler (Sekretär), de Jean-Jacques Kasel, de Cornel Meder an de Raymond Weber.[3]

Ronn 40 Historiker, Ekonomisten oder Literate goufen doropshin am Abrëll 1988 gefrot, fir bis September Material zu den eenzele Kapitele vun der Ausstellung ze liwweren.[4] Dofir goufen och e puer Coordinateuren agesat, fir bannent den thematesche Kapitel eng gewëss Koherenz ze garantéieren. Et waren dat de Gérard Thill (Kapitel 1), de Paul Margue (Kapitel 2), de Gilbert Trausch (Kapitel 3 a 4), d'Monique Kieffer (Kapitel 5) an de Jean-Claude Muller (Kapitel 6), sou wéi de Marcel Schroeder fir d'Fotoarchiv an de Guy May fir d'Dokumentatioun.[3]

D'Ausstellung bestoung aus sechs Deeler: Um Rez-de-Chaussée ware ronderëm eng Rotonde, 5 thematesch Beräicher ofgedeckt:

1. D'Grondlagen;
2: D'politesch Organisatioun vum Raum;
3: Grouss Ëmännerungen an nei Grenzen;
4: D'Gebuert vun enger Natioun
5: Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert.

De 5. Deel goung, iwwer eng Ramp verbonnen, um 1. Stack weider, wou och nach e leschten Deel:

6. Gesellschaftlech Froen a Perspektiven, bäikoum.[5]

Des Weidere gouf et nieft der Entrée eng 360-Grad-Diashow, bei där a 14 Minutten 2.500 Biller iwwer Land a Leit gewise goufen, an déi vun enger Antwerpener Firma realiséiert gi war.[2]

Déi 6 Kapitelen[6] änneren

Dat éischt Kapitel, Grondlagen huet sech mat der Landschaft an der Geologie, der Virgeschicht der Kelten- an der Réimerzäit, bis zum fréie Mëttelalter an der Christianiséierung befaasst, deemno der Géigend, ier et eppes gouf, wat "Lëtzebuerg" geheescht hätt. Mataarbechter fir dee Beräich, dee vum Gérard Thill geleet gouf, waren den Etienne an de Jean-Claude Streitz, den Alex Storoni, de Raymond Waringo, de Jeannot Metzler, de Jean Krier an de Jeannot Schroeder.

Am zweete Kapitel gouf d'Period vum spéiden 10. Joerhonnert bis zum Enn vum 18. beschriwwen, deemno d'Mëttelalter an d'Neizäit vun der Grënnung vun der Grofschaft Lëtzebuerg iwwer déi vum Herzogtum Lëtzebuerg, am Spill vun der europäescher Territorialpolitik an domat och seng Aglidderung an déi Burgundesch, da Spuenesch, dann Éisträichesch Nidderlanden, bis zu der Franséischer Revolutioun. Mataarbechter waren, ënnert der Leedung vum Paul Margue, de Michel Margue, de Michel Pauly, de Pierre Hannick an de den Alain Atten.

Dat drëtt Kapitel, Ëmwälzungen an nei Grenzen, hat als Theema d'Ëmbrochzäit duerch d'Franséisch Revolutioun, mam 'Verschwanne' vum Herzogtum duerch den Traité vu Campo Formio, der Restrukturéierung vun Europa um Wiener Kongress nom Napoleon senger Néierlag, wou et zu der Schafung vun engem Groussherzogtum Lëtzebuerg koum, mat als Monarch a Personalunioun de Kinnek vun Holland, bis zu der Belscher Revolutioun 1830, déi de Status vu Lëtzebuerg a Fro gestallt huet, deen dunn eréischt 1839 mam éischten Traité vu London 1839 gekläert gouf. An deem Kapitel hunn, ënner der Koordinatioun vum Gilbert Trausch, de Christian Calmes, den Edouard Marc Kayser an de Roger Petit déi eenzel Aspekter beliicht.

Dat véiert Kapitel war souzesoen den theematesche Mëttelpunkt vun der Ausstellung, wou ënner dem Titel Gebuert vun enger Natioun souwuel d'Entstoe vun engem Staat an den Hänn vun de Lëtzebuerger, dee sech du progressiv weiderentwéckelt huet, wéi och éischt Unzeeche vun engem Nationalbewosstsinn beliicht goufen. De Bou gouf dobäi vun 1839 bis 1919 gespaant. Hei hunn, och ënner dem Trausch senger Koordinatioun, de Christian Calmes, de Jean-Marc Hoscheit, de Georges Hellinghausen, de Paul Margue, de Michel Schmitt , de Valentin Wagner, de Charles Barthel, d'Monique Kieffer, de Jacques Maas, de Raymond Steil, de Jul Christophory, de Cornel Meder, de Pierre Hannick, de Jean-Claude Muller an de Jean Ensch zu Theme wéi wirtschaftlech Entwécklung, d'Roll vu der Kierch, d'Dynastie, d'Lëtzebuerg-Kris, den éischte Weltkrich an d'Refendumme vun 1919, hir Expertise bäigedroen.

Am fënnefte Kapitel gouf dann d'Industrtie, d'Landwirtschaft an den Handel am 20. Joerhonnert detailléiert, mat an der Mëtt der Besatzung duerch Nazi-Däitschland am Zweete Weltkrich, déi alles a Fro gestallt huet, an dann nom Krich d'Abannung an déi haiteg supranational Strukture wéi d'Benelux, d'UNO, d'NATO an d'EG. Mataarbechter waren dobäi d'Monique Kieffer, de Serge Hoffmann, de Guy Schuller, de Claude Wey, de Paul Dostert, de Jean-Marc Hoscheit, de Jean-Jacques Kasel an de Jean-Marie Majerus.

Dat sechst a lescht Kapitel huet déi aktuell an zukünfteg Erausfuederungen thematiséiert, ënner anerem aus sozialer/soziologescher an demographescher Siicht, mat engem Bléckpunkt op d'Finanzplaz an d'audiovisuell Medien. Bäigedroen hunn do, ënner dem Jean-Claude Muller senger Koordinqtioun, de Jul Christophory, de Joseph Groben, de Lucien Kayser, de Lex Roth, de Benito Gallo, de Michel Pauly, de Georges Als, de Charles Ruppert an de Patrick Seyler.

Véier jonk Akadeemiker hu vun November 1988 un un de Panneaue geschafft a 600 Schrëft- Bildtafele beschriwwen an iwwersat. Et waren dat de Paul Even, d'Marie-Paule Jungblut, de Jean-Claude Muller an den Denis Scuto.[3]

D'architektonescht Konzept vun der Ausstellung war vum Romain Hoffmann, déi kënschtleresch Gestaltung vum Rik Van den Kerkhove[4].

Fir d'Ausstellung goufen zum Deel wäertvoll Exponater aus dem Ausland geléint, wéi d'Iechternacher Doudebuch, de Billerzyklus Faart op Roum vum Keeser Heinrich oder dem Jean Froissart seng Chroniken. Well keng gepanzert Vitrinnen do waren, hu missen Zaldote vun der Arméi Wuecht halen.[4]

Bilan an Ausbléck änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur änneren

  • De l'Etat à la Nation. 1839 1989. 150 Joer onofhängeg. Ausstellungskatalog veröffentlicht aus Anlaß der 150-Jahr-Feier der Unabhängigkeit des Großherzogtums Luxemburg. 19. April - 20.August 1989. Luxemburg: Staatsministerium des Großherzogtums Luxemburg, 1989. (Däitsch Versioun)

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "Panorama." In: d'Letzeburger Land, 36. Jg., nº 34 (25.08.1989), S. 2. [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]
  2. 2,0 2,1 "Das aktuelle Bild." In: d'Letzeburger Land, 36. Jg., nº 16 (21.04.1989), S. 2. [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  3. 3,0 3,1 3,2 Katalog zu der Ausstellung (kuckt: Literatur), S.6.
  4. 4,0 4,1 4,2 Michel Pauly: " 'De l'Etat à la Nation': Eine kritikwürdige Ausstellung." forum Nr.112, Juni 1989, S. 7-9.
  5. Depliant "150 - 1839-1989. 150 Joer Onofängeg. Expo. 19. Abrëll - 20. August 1989."
  6. Katalog vun der Ausstellung (kuckt ënner: Literatur), S.222-224.