De Leederwon ass eng a.s.b.l. déi am Ferbruar 2008 gegrënnt gouf, mat dem Objet d'Huifbedrijden wéi et schonn zanter e puer Joer, an Holland mat Succès bedriwwe gëtt, zu Lëtzebuerg bekannt ze maachen, an ze praktizéieren. De Veräin huet säi Sëtz zu Betzder.

D'Iddi koum vun engem Member vum Veräin, deen 2004 an Holland un engem Léiergank deelgeholl huet. Duerno huet hien zwee Joer laang eng theoreetesch a praktesch Ausbildung an Holland gemaach, an d'Ofschlossprüfung an där Disziplin gemaach.

Nieft dem Huifbedrijden organiséiert De Leederwon asbl och aner Aktivitéite wéi zum Beispill Kutscheführerschäiner an Ausfaarte mat historesche Kutschen.

D'asbl gëtt bis ewell eleng duerch Spenden a Sponsoring vu verschiddene Firme finanziell um Liewe gehalen. D'Aarbechte gi vu Benevole gemaach.