Dawes (Moundkrater)

Moundkrater

Den Dawes ass en Aschlagkrater, deen nordëstlech vum Kraters Plinius an der breeder Mieresstrooss tëscht dem Mare Serenitatis an dem Mare Tranquillitatis läit.

Dawes
Krater Dawes (lénks ënnen) an Ëmgéigend
(LROC-WAC)
Koordinaten 17°12'36"N, 26°20'24"O
Duerchmiesser 18 km
Déift 2300 m
Selenographesch Längt 334° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ12
Krater Dawes opgeholl vun Apollo 17 (Foto NASA)

Nordëstlech erhiewe sech d'Häng vum Mons Argaeus. De kreesronne Krater weist e liicht ofgeplattenen Ëmrëss an e schaarfe Kraterrand. Am Zentrum ass eng kleng Knupp. Säin eppes donkel gefierfte Buedem ass bal ganz mat iwwerlappende strudelaartegen Oflagerunge bedeckt. De Groussdeel vun dësen Oflagerunge besteet aus zeréckgefallenem oder ofgerutschtem Material. Déi bannenzeg Kraterwänn si géi an hu keng Erosiounsspueren.

Méi no Ënnersich hu visuell Nischen a Rillen um Kraterbannerand festgestallt.

Nordwestlech vun Dawes verleeft d'Moundrill Rima Dawes.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren